D'Lux Rollers setze sech an der éischter Partie mat 49 op 36 an an der zweeter mat 46 op 34 géint Karlsruhe duerch.

Nodeems d'Lux Rollers hir zwee éischt Matcher vun der Saison an der däitscher Regionalliga géint Bad Kreuznach gewonnen haten, hu si och dëse Weekend 4 Punkten am Rehazenter gehalen.

D'Lux Rollers setze sech an der éischter Partie mat 49 op 36 an an der zweeter mat 46 op 34 géint Karlsruhe duerch. Et waren déi lescht Heemmatcher fir 2022. Domadder hunn d'Spiller em de Raymond Schintgen eng gutt Ausgangspositioun fir den 11. Dezember, wou si zu Frankfurt untriede mussen.