Wéi et vu verschiddene Medien ënner Beruffung op d'spuenesch "Marca" heescht, soll dem Cristiano Ronaldo säin Transfert bei den Al-Nassr FC fix sinn.

Deemno soll de Ronaldo vu Januar u fir zwee an een halleft Joer fir de saudesche Veräin spillen.

Scho lescht Woch hat déi spuenesch Sportzeitung Marca verkënnegt, dem 5-molege Weltfuttballer a Kapitän vun der portugisescher Nationalekipp, géing eng milliouneschwéier Offer vun Al-Nassr virleien.

Weder de Club aus Saudi-Arabien nach de Ronaldo selwer hunn dës Nouvelle bis ewell confirméiert.

Zanter der Opléisung vu sengem Kontrakt mam englesche Premier-League-Veräin Manchester United am November ass de 37 Joer ale Cristiano Ronaldo ouni Veräin.