Aus der däitscher Futtball-Bundesliga kënnt d'Nouvelle, datt de Bruno Labbadia neien Trainer vum VfB Stuttgart gëtt.

De 52 Joer alen Trainer ënnerschreift ee Kontrakt bis 2025. Domat feiert de fréiere Stiermer säi Comeback op der Stuttgarter Trainerbänk, wou hie vun 2010 bis 2013 schonn eng Kéier an der Responsabilitéit stoung.

Momentan kämpft Stuttgart als 16. an der Tabell géint den Ofstig.