Den HB Käerjeng bréngt vun Dikrech déi voll Punktzuel mat. Bei den Damme feieren Déifferdeng, Käerjeng an Diddeleng Victoiren.

Axa League Hären

D'Affiche Diddeleng géint Esch huet alles gehalen, wat se am Virfeld versprach hat. Et war en enke Match, deen eréischt mat der leschter Aktioun decidéiert sollt ginn. Den Ex-Diddelenger Yann Hippert huet fir seng nei Ekipp den decisive Gol markéiert, sou dass Esch mat 30:29 (16:14) zu Diddeleng gewënnt. Zéng Minutte viru Schluss hat Esch scho wéi de klore Gewënner ausgesinn, mee d'Spiller vum HBD hu sech nach eng Kéier erugekämpft. Um Enn sollt den Engagement net belount ginn.

Den HB Esch setzt sech knapp géint den HBD duerch
Esch gewënnt ee knappe Match a leschter Sekonn mat 30:29 zu Diddeleng a bleift ouni Néierlag.

Den HB Käerjeng geet mat 24:18 op Dikrech gewannen. Bis zur Paus konnt de Chev gutt mathalen (10:13), mee nom Säitewiessel war Dikrech net méi esou geféierlech virum Gol an huet esou an den zweeten 30 Minutte just 8 Goler markéiert. Beschte Buteur vum Match war de Käerjenger Tom Meis mat 8 Goler fir seng Faarwen.

De Match tëscht dem HC Bierchem an der Red Boys Déifferdeng gouf wéinst dem Optrëtt vun der Red Boys op europäeschem Niveau verluecht.

Am Playoff vun der Relegatioun setze sech Schëffleng (51:21 zu Arel), de Standard (41:24 doheem géint de Museldall) a Rëmeleng (61:22 géint Réiden) duerch.

Um Sonndeg hat Miersch iwwerdeems keng Problemer mat Bieles an huet däitlech mat 48:21 gewonnen.

Spillplang Hären R2

Relegatioun Hären

Axa League Dammen

E Sonndeg ass den 12. Spilldag mat der Partie tëscht de Red Boys Déifferdeng an dem Museldall clôturéiert ginn. Hei hunn déi Déifferdenger Damme sech fréi eng Avance erausgespillt, soudass et mat 6 Goler Ofstand an d’Kabinne gaangen ass. Och am zweeten Duerchgang ass den HB Museldall net méi erukomm, soudass et um Enn 34:24 fir d’Lokalekipp heescht.

De Leader Käerjeng hat mam Handball Bieles um Samschdeg scho keng gréisser Probleemer a schéckt se mat 34:12 nees heem. Schonn no 30 Minutte war kloer, wien als Gewënner vum Terrain géif goen, wéi et mat mat 16:7 an d'Kabinne goung. No der Paus huet d'Lokalekipp de Match geréiert a sech en ëmmer méi groussen Ecart erausgespillt. Déi meescht Goler vum Match goungen op de Kont vun der Käerjengerin Tina Welter.

Nach manner Krämpes haten déi Diddelenger Damme beim Heemmatch géint de Standard. Den HBD setzt sech mat 45:11 géint d'Ekipp aus der Stad duerch. Zur Paus stoung et schonn 21:4 fir déi Diddelengerinnen.

Méi spannend war de Match tëscht Dikrech an Esch, wou de Chev sech mat 30:25 behaapte kann. Zur Paus (15:14) a bis déi lescht fënnef Minutte war de Match nach ganz equilibréiert, éier Dikrech den néidegen Ecart maache konnt. Déi meescht Goler ginn op de Kont vum Laurence Hoffmann (13 Goler).

Spillplang Dammen