EHF European CupRed Boys op europäeschem Niveau eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
D'Red Boys Déifferdeng gewannen zwar 26:25 géint Famagusta, sinn awer duerch d'Resultat am Aller-Match net am nächsten Tuer.

EHF Cup Red-Boys géint Famagusta/Reportage Cliff Block

D’Ekipp vum Trainer Sandor Rac setzt sech am Retour-Match vum vum drëtten Tuer am EHF European Cup mat 26:25 géint d’Zyprioten duerch, ass nom Gesamtresultat awer aus der Kompetitioun eraus. Déifferdeng war déi lescht Lëtzebuerger Ekipp, déi op europäeschem Niveau aktiv war.

An der éischter Hallschent konnt sech viru 441 Spectateuren zu Nidderkuer keng Ekipp richteg ofsetzen. Famagusta war kuerz virun der Paus wuel op dräi Goler (7:10) fortkomm, mee d’Red Boys hu sech bis zur Paus nees erugekämpft, sou dass et mat 12:13 aus der Siicht vun der Lëtzebuerger Ekipp an d’Kabinne goung.

D’Red Boys sinn trotz Victoire eliminéiert
Zwar gewënnt Déifferdeng de Match géint Famagusta mat 26:25, wéinst dem Resultat aus dem Allersmatch sinn d’Red Boys awer trotzdeem eliminéiert.

No der Paus huet sech dat selwecht Spill gewisen. Déifferdeng war wuel beméit de Score ze erhéijen, huet awer vill Chancë leie gelooss. Nodeems de Roman Becvar wéinst dräi Zäitstrofe mat Rout vum Terrain gesat gouf, hunn d’Red Boys sech net hänke gelooss an um Enn nach mat engem Gol Avance gewonnen.

Den Aller-Match um leschte Weekend haten d’Red Boys mat 20:23 op Zypern verluer, wou et zu turbulenten Zeene komm war, wéi Supportere vu Famagusta d’Kabinn vun den Déifferdenger gestiermt haten.

Back to Top
CIM LOGO