Fifa-Arbitter Alain Durieux huet e Schlussstréch ënnert seng Karriär gezunn
Bei engem Match sti jo net nëmmen d'Spiller, mee dacks och den Arbitter am Mëttelpunkt.
Bei der 3:0-Victoire vu Rouspert géint Käerjeng war dat e Samschdeg och de Fall. Dës Kéier awer aus guddem Grond. De Fifa-Arbitter Alain Durieux huet nämlech e Schlussstréch ënnert seng Karriär gezunn. De Gilles Tricca huet säi leschten Optrëtt vu méi no suivéiert.
E Samschdeg sinn déi Rousperter an déi Käerjenger an d’Wanterpaus gaangen. Fir ee Mann ass awer definitiv Schluss. Den Arbitter Alain Durieux hält nämlech no genee 1.000 Matcher op. No ronn 21 Joer ass d'Zäit komm, d'Weekender ouni Futtball ze verbréngen. Ugefaangen huet seng Karriär 2001. Datt hien Arbitter ginn ass, dat huet en enger Damm ze verdanken.
Um héchsten Niveau ass den Arbitter net eleng an d'Zesummenaarbecht mat den Assistenten ass immens wichteg. Fir säi leschte Match waren och 2 Leit u senger Säit, déi hien international begleet hunn: de Gilles Becker an de Joacquim Da Silva.
Am Alter vu 25 Joer huet den Alain Durieux fir d’éischt an der héchster Divisioun gepaff an zanter 2015 ass hie Fifa-Arbitter. Do huet een natierlech schonn esou munches erlieft. Mat 34 Joer hat hien de Privileeg, säi éischte Match an der Europa League ze päifen an dat zu Glasgow am Celtic Park.