Käerjeng ka sech géint Bierchem behaapten an Diddeleng hat keng Probleemer mat Dikrech. Bei den Dammen hunn d'Favoritte sech duerchgesat.

Axa League Hären

De Resumé vum Match Red Boys géint Esch
Den HB Esch konnt sech mat 30:26 zu Déifferdeng duerchsetzen.

Am Spëtzematch vum fënnefte Spilldag vun der Relegatioun huet sech Esch zu Nidderkuer géint d'Red Boys Déifferdeng mat 30:26 duerchgesat. D'Lokalekipp war net gutt an de Match gestart a quasi vun Ufank un engem Réckstand hannendru gelaf. No engem Time-Out hunn déi Rout sech gefaangen an d'Avance vun Esch ass ëmmer méi kleng ginn. Eng Véierelstonn viru Schluss hat Déifferdeng nees den Uschloss fonnt, huet duerno awer ze vill Chancë leie gelooss a Ballverloschter gehat, sou dass sech Esch um Enn behaapte konnt. Nom Réckzuch vum Trainer Sandor Rac hat sech Déifferdeng ënnert der Woch bei der 24:30-Defaite géint Bierchem scho schwéier gedoen.

Am éischte Match vum Owend hat sech Käerjeng mat 35:31 géint Bierchem behaapt. Bis kuerz virun der Paus huet sech keng Ekipp wierklech ofsetze kënnen an de Score goung hin an hier. Wuel eng Schlësselzeen war eng direkt Disqualifikatioun géint de Cédric Stein op Bierchemer Säit. An de fënnef Minutte bis zur Paus huet sech Käerjeng en Ecart vu véier Goler kënnen erschaffen. Nom Säitewiessel koumen d'Réiserbänner wuel phaseweis nach eng Kéier drun (bis op zwee Goler an de leschte fënnef Minutten), mee duerno huet den HBK de Match kontrolléiert zu Enn gespillt.

Den Handball Diddeleng hat keng gréisser Probleemer mam Chev Dikrech a feiert mam 42:27 eng sécher Heemvictoire an och déi éischt Victoire iwwerhaapt an der Relegatioun. Schonn an der Paus louch den HBD mat 23:14 vir. De jonken David Ojie Etute war mat 11 Goler beschte Buteur fir Diddeleng, op der Säit vun Dikrech huet de Borys Brukwicki 10 Goler geschoss.

Spillplang Hären R2

Am Playoff vun der Relegatioun huet sech Péiteng doheem kloer mat 45:30 géint den HC Atert Réiden duerchgesat. Miersch gewënnt mat 35:27 beim Museldall a Schëffleng geet 46:24 op Bieles wannen.

Um Freidegowend hat de Standard d'Gäscht vun Arel mat 49:16 heemgeschéckt.

Relegatioun Hären

Axa League Dammen

Um 13. Spilldag vum Dammechampionnat huet sech Diddeleng ouni Probleem mat 34:10 beim HB Bieles duerchgesat. An der Paus louch den HBD scho mat 19:6 vir.

Den enkste Score vum Spilldag gouf et am Match tëscht Esch an Déifferdeng, deen d'Red Boys mat 23:18 fir sech decidéiere konnten. De Match gouf serréiert geféiert an Déifferdeng konnt sech eréischt kuerz virun der Paus méi kloer ofsetzen an huet dat och an der zweeter Hallschent konstant weidergemaach a soumat verdéngt gewonnen. Bescht Scorerin vum Match war d'Lola Scheuren mat 8 Goler fir d'Red Boys.

An der Partie Museldall géint Dikrech hu sech d'Damme vun der Musel mat 20:32 musse geschloe ginn. Dikrech war mat engem 7:0-Laf gestart a quasi de selwechten Ecart sollte si och mat an d'Paus huelen (10:16). An den zweeten 30 Minutten huet de Chev de Match kloer kontrolléiert an der Ekipp vun der Musel keng Chance gelooss, fir nach eng Kéier an de Match ze kommen. Déi meescht Goler an dësem Match goungen op de Kont vum Laurence Hoffmann (13 Goler).

Den HB Käerjeng hat sech schonn an der Woch kloer mat 39:18 beim HC Standard duerchgesat.

Spillplang Dammen