Gabriel Clemens schreift Darts-Geschicht, Cross an Humphries sinn eraus

© FIRO / PSI / SID
E Freideg goufen am "Ally Pally" zu London déi lescht 6 Aachtelsfinallen op der Weltmeeschterschaft am Darts gespillt.
Lass goung et an der Sessioun vun nomëttes mam belsch-belschen Duell tëscht dem Kim Huybrechts an dem Dimitri Van den Bergh. An dësem Match hat den Dimitri Van den Bergh, genannt "Dreammaker" seng Positioun als beschte bleschen Dartsspiller kloer ënner Beweis gestallt. Mat engem "11-Darter" hat hien den Huybrechts direkt um Ufank vum éischte Saz gebreakt a konnt dëse schliisslech fir sech entscheeden. Och den zweete Saz konnt den "Dreammaker" fir sech decidéieren. Dat nodeems hien tëschenduerch 3 "Break-Darts" ofgewiert hat. Och den drëtten an de véierte Saz sinn ouni gréisser Probleemer un de Van den Bergh gaangen, sou dass dëse sech um Enn mat 4:0 géint säi Kompatriot duerchgesat huet. An der Véierelsfinall trëfft hien elo op den Jonny Clayton.
De Gabriel Clemens hat dann d'Chance, fir als éischten däitsche Spiller iwwerhaapt an d'Véierelsfinall vun der Darts-WM anzezéien. Dofir huet hie sech misse géint den Alan Soutar duerchsetzen. De Match war dann och gutt lassgaange fir den "German Giant". Am éischte Saz war him en "114er-Finish" gelongen an hie konnt de Saz - och wéinst Feeler vum Soutar - fir sech verbuchen. Och am zweete Saz hat de Clemens wéineg Problemer, dëse fir sech ze entscheeden. Am drëtte Saz hat den Däitschen awer e puer Feeler dran, sou dass dësen un de Soutar gaangen ass. De véierte Saz ass dunn no 5 Legs nees un de Gabriel Clemens gaangen. Am fënnefte Saz war et dem Gabriel Clemens dunn gelongen e Score vun 148 auszemaachen. Ma well hien 2 Feiler fir de Match ze gewannen dolaanscht gesat huet, konnt de Schott den decisive Leg erzwéngen. Dëse konnt de Gabriel Clemens schliisslech fir sech decidéieren, sou dass hien als éischten Däitschen an der Geschicht an der Véierelsfinall vun enger Weltmeeschterschaft steet. Do waart mam Gerwyn Price déi aktuell Nummer 1 op der Welt.
Am leschte Match vum Nomëtteg stounge sech de Michael "Bully Boy" Smith an den Joe "Rockstar" Cullen géigeniwwer. Direkt den éischte Saz ass iwwert déi voll Distanz gaangen, éier de Smith dëse fir sech decidéiere konnt. De Cullen konnt den zweete Saz awer ouni gréisser Probleemer fir sech entscheeden. Ma de Bully Boy huet direkt zeréckgeschloen an huet den drëtte Saz ouni Probleemer gewonnen. De véierten an de fënnefte Saz sinn allerdéngs iwwert déi voll Distanz gaangen an haten et richteg a sech. Ma de Smith konnt sech a béiden duerchsetzen a stoung um Enn vum Match mat 4:1 als Gewënner fest.
Am éischt Match vum Owend hat de Chris Dobbey da fir déi éischt Iwwerraschung vum Dag gesuergt. Hien huet sech nämlech mat 4:2 an de Sätz géint déi aktuell Nummer 6 op der Welt Rob Cross gewonnen. Dobäi hat de Cross nach staark ugefaangen a sech no 2 Breaks den éischte Saz geséchert. Säi Landsmann konnt den zweete Saz awer fir sech entscheeden, éier de Cross dunn mat 2:1 an de Sätz a Féierung gaangen ass. Ma am nächste Saz war dem Dobbey en "170er-Finish" gelongen an hie konnt nees op 2:2 gläichzéien. Dëse Schwong huet hien du matgeholl a konnt och déi nächst 2 Sätz gewannen. An der Véierelsfinall trëfft hien elo op de Michael van Gerwen.
Dësen hat an der fënnefter Aachtelsfinall vum Dag sengem Landsmann Dirk van Duijvenbode kaum eng Chance gelooss. De Van Gerwen - Spëtznumm "MVG" konnt direkt, den éischten an den zweete Saz fir sech decidéieren. Dat obwuel dem van Duijvenbode tëschenduerch en "170er-Finish" gelonge war. Nodeems de van Duijvenbode dann den drëtte Saz fir sech decidéiere konnt, ass seng Leeschtung allerdéngs staark erofgaangen. Déi rechtlech Sätz waren un den MVG gaangen, deen no enger 4:1 Victoire an der Véierlsfinall steet
Och an der leschter Partie vum Dag gouf et nach eng Kéier eng Iwwerraschung. D'Nummer 21 op der Welt Stephen Bunting huet nämlech relativ kuerze Prozess mat der Nummer 4 an der Weltranglëscht Luke Humphries gemaach. Dat andeems hien déi éischt zwee Sätz séier an der Täsch hat. Den Humphries konnt hei nëmmen ee Leg fir sech decidéieren. Duerno konnt de Luke Humphries awer op 2:1 an de Sätz verkierzen. Den nächste Saz konnt de Bunnting dunn am decisive Leg fir sech entscheeden, éier hien de leschte Saz mat 3:0 an de Legs gewonnen huet. De Stephen Bunting trëfft an der nächster Ronn op de Michael Smith
Hei fannt Dir d'Véierelsfinallen am Iwwerbléck:
Dimitri Van den Bergh - Jonny Clayton
Gabriel Clemens - Gerwyn Price
Chris Dobbey - Michael van Gerwen
Michael Smith - Stephen Bunting