Anescht wéi bei den Hären, wou e speziellt Futsal-Championnat eng ganz Saison iwwer organiséiert gëtt, spillen d'Dammen nëmmen an der Wanterpaus.
Iwwert e puer Weekender hate sech a Poolen 6 Ekippen fir d'Finall qualifizéiert, déi e Sonndeg an enger voller Nidderkuerer Hal organiséiert gouf.
D’Entente Luna Uewerkuer/Déifferdeng, d’Jeunesse Jonglënster, de Swift Hesper, den FC Mamer 32 an d’Young Boys Dikrech hunn ëm den Indoor-Championstitel gespillt.
Jiddwereen huet géint jiddweree gespillt an um Enn konnt sech Ell virun der Entente Déifferdeng/Uewerkuer an Hesper duerchsetzen.
Den Tabellevéierten huet just ee Match verluer.
Bescht Spillerin war d’Johanna Koenig mat 7 Goaler. De Racing hat sech net fir d’Indoor-Championnat ugemellt.