
© RTL
No fréiem Réckstand konnt sech Waldhof nach ee Punkt sécheren. De Kapitän vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp stoung déi 90 Minutten um Terrain.
Um 21. Spilldag vun der 3. däitscher Liga hat Waldhof Mannheim Verl bei sech op Besuch. De Match ass fir d’Ekipp ronderëm de Laurent Jans, dee vun Ufank un um Terrain stoung, alles anescht wéi gutt ugaangen, well schonn no 12 Minutte goungen d’Gäscht duerch de Batista Meier a Féierung. Duerno ass de Match ofgeflaacht béid Ekippen hu sech virun allem op Zweekämpf am Mëttelfeld konzentréiert. Kuerz virun der Paus konnt Mannheim no enger flotter Kombinatioun iwwert d’Säit vum Laurent Jans de Score duerch den Dominik Martinovic awer egaliséieren.
Déi ronn 10.000 Spectateuren am Carl-Benz-Stadion zu Mannheim hunn och an der zweeter Hallschent laang op Golchancë misse waarden. An der 70. Spillminutt ass de Pascal Sohm no enger gudder Flank vum Laurent Jans aus ronn 5 Meter um Golkipp vu Verl hänke bliwwen. D’Lokalekipp war du beméit den 2:1 ze fannen, mee hinnen huet et am leschten Drëttel dacks un der néideger Reussite a Prezisioun gefeelt. Déi wuel beschten Aktioun hat de Julian Riedel ronn 10 Minutte viru Schluss, mee och hie krut de Ball aus kuerzer Distanz net am géignerescher Filet ënner.
Um Enn trenne sech Mannheim a Verl mat engem 1:1-Remis. Domadder bleift de Waldhof weider op der 5. Plaz an der Tabell, dat mat 3 Punkte Retard op d’Barrageplaz. Weider geet et fir de Laurent Jans a Waldhof e Freideg mat der Partie auswäerts bei Erzgebirge Aue.