Um Samschdeg hu sech scho Esch, d'Fiels an Ettelbréck als Gewënner konnte feiere loossen.

Hären

De Spilldag ass um Sonndeg mam Match Zolwer géint Hiefenech komplettéiert ginn. Et war e Match an deem et Hin an Hier gaangen ass a wou sech d'Lokalekipp mat 89:73 (12:20, 33:13, 16:25, 28:15) konnt duerchsetzen. Louch Hiefenech no knappen 3 Minutte mat 11:2 a Féierung, huet Zolwer am zweete Quarter zeréck geschloen. Bei der USH ass offensiv näischt méi gegléckt iwwerdeems Zolwer alles getraff huet. An der Paus louch Zolwer deemno mat 12 Punkten am Avantage. Och wann Hiefenech no der Paus de Réckstand nach emol verkierz huet, sollt Zolwer de Match fir sech entscheeden. Wichteg Punkte fir d'Lokalekipp deemno am Kampf en den Oofstieg. Bei Zolwer hunn am ganzen 9 Spiller Punkte geschoss, iwwerdeems Hiefenech vum Colemann gedroe gouf.

Den Tabelleleader Esch huet beim 90:79 (27:19, 25:18, 18:17, 20:25) am Match géint Conter näischt ubrenne gelooss a sech nees d'Tabelleféierung vum T71 gekroopt. Déi éischt dräi Véierel huet Esch den Toun uginn an eréischt am leschte Véierel e bëssen nogelooss. Beschte Scorer op der Säit vun Esch war de Clancy Mac Rugg mat 31 Punkten, bei Conter huet den Tyler Cartaino déi meescht Punkte markéiert (24).

Kloer Victoirë fir d'Favoritten am Basekt / Rep. Guy Seyler

De Gréngewald konnt sech keng Punkte fir de Sprong an de Playoff sécheren a verléiert mat 73:83 (14:21, 16:14, 15:20, 28:28) an der Fiels. Beim Gréngewald huet den Terry Winn Iii en Double-Double realiséiert (27 Punkten, 12 Rebounds).

Mat engem staarke Kollektiv klappt Ettelbréck Walfer
Walfer ass um Enn vum Match d'Energie ausgaangen a konnt net méi mam séiere Basket vun der Etzella mathalen.

Ettelbréck hat beim 112:88 géint Walfer keng Probleemer an d'Amicale Steesel setzt sech kloer mat 102:74 (32:19, 27:12, 19:27, 24:16) géint d'Musel Pikes duerch. Steesel an Ettelbréck bleiwen op Plaz 3 respektiv 4 a kënne weiderhin den Uschloss un den Duo Esch an Diddeleng halen.

Um Freidegowend hat sech Diddeleng mat 90:77 bei der Sparta duerchgesat.

An der Nationale 2 huet Miersch mat 76:74 bei den Hedgehogs zu Käerjeng duerchgesat. D'Kordall Steelers gewanne kloer mat 92:70 zu Schieren, Munneref hat beim 130:82 kee Probleem mat Wolz a Mamer gewënnt mat 104:89 beim BC Mess.

Resultater Hären