Vum 2. op de 5. Mäerz sinn d'Liichtathletik-Indoor-Europameeschterschaften zu Istanbul. D'FLA huet um Donneschdeg déi Lëtzebuerger Selektioun bekannt ginn.

De Charel Grethen geet iwwer 1.500 an iwwer 3.000 Meter un den Depart. Um Mëttwoch huet hie säin eegene Lëtzebuerger Rekord iwwer 1.500 Meter bei engem Meeting zu Madrid ëm 29 Honnertstel verbessert. Déi nei Zäit steet elo bei 3 Minutten, 37 Sekonnen an 9 Honnertstel gelaf.

De Bob Bertemes ass am Bommstousse mat dobäi. E Sonndeg um Lëtzebuerger Championnat huet hien d'Bomm op 21 Meter 93 gestouss. Domadder huet hie säin eegene Lëtzebuerger Rekord verbessert a gläichzäiteg steet hien och mat dëser Wäit am europäeschen Ranking vun 2023 op der Nummer 1.

D'Patrizia van der Weken geet iwwer 60 Meter un den Depart, d'Victoria Rausch iwwer 60 Meter Hecken an d‘Vera Hoffmann ass iwwer 1.500 Meter mat dobäi.

Och de Vivien Henz war iwwer 1.500 Meter qualifizéiert. Wéinst senge Studien op der Harvard Universitéit, muss hien awer Forfait erklären.