
© Laurent Weber
Wourop kann ee sech bei de Courssen um Gaalgebierg freeën? Den Tom Flammang mat engem Réck- an Ausbléck, grad ewéi e puer interessanten Interviewen.
Dëse Sonndeg ginn an der Liichtathletik am Cross déi nei Championnen a Championne gesicht. De CA Bieles organiséiert d'Courssen um Bielesser Gaalgebierg fir déi éischte Kéier zënter 2007. Deemools gouf et bei den Dammen eng Victoire vum Pascale Schmoetten virum Véronique Hansen an dem Line Dupont. Déi dräi Athletinne ware fir de Celtic Dikrech un den Depart gaangen. Bei den Häre war den Titel fir de Lokalmatador Vincent Nothum viru sengem Frënd a Club Kolleeg Pascal Groben an dem Thierry Hübsch vum Celtic. Nothum a Groben sinn dem Club allebéid trei bliwwen a schaffen haut aktiv am Comité mat. Kuckt hei nach emol de Resumé vun 2007 vum Bern Thill.
De Bielesser Veräin huet sech vill virgeholl an organiséiert d'Championnat ënner dem Label Green Event. D'Presidentin vum CAB Anouck Ewerling mat e puer Explikatiounen iwwer d'Green Event.
Et gëtt Navette fir op de Gaalgebierg an um Site stinn och Vëlosstänner, fir déi Leit, déi sech mam Vëlo deplacéieren. Weider Infoen iwwer d'Green Event fannt Dir hei.
Aus sportlecher Siicht verspriechen d'Coursse Spannung. De Yannick Lieners gehéiert zum Krees vun de Favoritten an ass motivéiert virun heemesche Publik eng gutt Course ze lafen. Zu Diddeleng gouf et d'lescht Joer bei den Hären awer en Dikrecher Triplé mat Kindé viru Bertemes a Mellina. Déi dräi genannten Athlete gehéieren och dëst Joer zu de Favoritten. Am Ganze kommen eng ronn 10 Sportler a Fro, déi e Sonndeg kënnen ëm den Titel matlafen.
Hei d'Aschätzung vum Yannick Lieners.
Den Zweeten aus dem Joer 2007 freet sech op d'Courssen de Sonndeg.
Bei den Damme kann ee sech d'Championne vum leschte Joer, d'Jenny Gloden vun der Fola nees mat vir erwaarden. Hir Club-Kolleegin Anny Wolter ass awer vläicht no hire leschte Resultater liicht an der Favoritteroll. D'Konkurrenz kënnt vum Saskia Daguenet, dem Lena Kersch, Lena Kieffer an dem Sandra Lieners.