An der drëtter däitscher Liga stoung e Mëttwoch den Owend de 27. Spilldag um Programm. Hei gouf et eng 3:2-Victoire fir Waldhof Mannheim mam Laurent Jans.

Mat 3:2 ka sech Waldhof Mannheim doheem géint den FC Ingolstadt 04 duerchsetzen a spréngt domadder op déi drëtten Tabelleplaz. Well déi zweeten Ekipp vum SC Freiburg net opsteigen dierf, steet Mannheim domadder op enger direkter Opstigsplaz. De Laurent Jans stoung iwwert déi voll Distanz um Terrain.

Dënschdeg

D'Ekipp vum Lëtzebuerger steet nom 1:1 géint Coventry City weider déif am Ofstigskampf. Den Danel Sinani ass an der 72. Minutt ausgewiesselt ginn.

A Saudi Arabien stoungen um Denschdeg den Owend d'Véierelsfinallen an der Coupe um Programm. De Gerson Rodgrigues stoung bei der 2:1-Victoire vu senger Ekipp Al Wehda géint Al Batin wuel a Kader, ass awer net zum Asaz komm.

Méindeg

E Méindeg den Owend verléiert AIK Stockholm, der Ekipp vum Vincent Thill 1:2 géint Hammarby. De Lëtzebuerger war bis déi 63. Minutt um Terrain, gouf dono dann mam Omar Faraj ausgewiesselt.

Sonndeg

An der Nuecht op e Sonndeg gouf et 3 Punkte fir de Maxime Chanot mat New York City FC. Deen eenzege Gol an dëser Partie, wou de Lëtzebuerger duerchgespillt huet, war e Selbstgol vum McVey vun Inter Miami no 36 Minutten.

Beim 1:1 vun Hansa Rostock bei Hannover 96 an der zweeter Bundesliga souz de Sébastien Thill bei de Gäscht de ganze Match iwwer op der Bänk. Den 1:0 fir Rostock hat den Dressel kuerz virun der Paus geschoss, den Besuschkow konnt no ronn enger Stonn ausgläichen.

A Bulgarien gouf et am Derby vu Sofia eng 1:0-Victoire vum ZSKA géint den CSKA. Bei de Gewënner souz den Enes Mahmutovic de ganze Match iwwer op der Bänk.

An Ungarn goufe et dann och eng Victoire mat 1:0 fir d'Ekipp vum Tim Hall. Ujpest hat sech bei Mezőkövesd-Zsóry SE duerchgesat. Hei stoung de Lëtzebuerger awer de ganze Match iwwer um Terrain.

Fir de Marvin Martins gouf et mat Austria Wien eng batter 1:3-Néierlag bei Sturm Graz. De Lëtzebuerger stoung 90 Minutten um Terrain konnt déi zwee Goler vum Emegha an dee vum Sarkaria net verhënneren. Fir Wien hat den Tabakovic den tëschenzäitlechen 1:1 geschoss.

De beschte Frënd vum Antony Moris an der Union Saint-Gilloise war an der Partie bei Genk den VAR. Nodeem Genk 1:0 a Féierung gaangen ass, gouf den 2. Gol wéinst Abseits vum Videoarbitter oferkannt. Dono konnt d'Unioun de Match dréinen, duerch Goler vum Nieuwkoop an dem Adringa an der 42. a 44. Minutt an den VAR huet den Ausgläich an der 72. Minutt wéinst Handspill oferkannt. Esou bleift et bei der glécklecher Victoire vum Tabellenzweeten beim aktuelle Leader.

Samschdeg

RTL

© AFP

An der hollännescher Eredivisie huet Sparta Rotterdam sech no Réckstand nach 3:1 géint Vitesse Arnheim duerchgesat a kann domat déi 6. Plaz verdeedegen. De Mica Pinto huet d'Partie fir Rotterdam ugefaangen an ass no 74 Minutten ausgewiesselt ginn.

An der zweeter franséischer Liga ass Bastia géint Valenciennes net iwwert een 2:2 erauskomm. Op Säite vu Bastia, dem 5. vun der Ligue 2, ass de Florian Bohnert an der 68. Minutt beim Stand vun 2:1 fir Valenciennes agewiesselt ginn.

Mainz huet an der Bundesliga bei der Hertha aus Berlin 1:1 gespillt. De Leandro Barreiro stoung bei Mainz wéi gewinnt an deenen éischten 11 an ass no 80 Minutten ausgewiesselt ginn. An der 57. Minutt konnt de lëtzebuergeschen Nationalspiller dem Ajorque säin Ausgläich virbereeden. Et ass dem Barreiro seng 3. Virlag an dëser Saison, eng méi wéi a sengen anere Saisonen an der Bundesliga.

Och an der Bundesliga huet Borussia Mönchengladbach sech misse mat 0:3 zu Leipzig geschloe ginn. Den Yvandro Borges stoung opgrond vun enger Verletzung net am Kader vun der Borussia.

An der drëtter Liga an Däitschland konnt de Waldhof Mannheim sech mat 3:1 zu Bayreuth duerchsetzen an domadder déi 5. Plaz verdeedegen. De Laurent Jans stoung op Säite vu Mannheim wéi gewinnt an der Startformatioun an huet de ganze Match gespillt.

Wigan hat an der zweeter englescher Liga keng Chance beim souveränen Tabelleleader aus Burnley. 0:3 heescht et um Enn aus Siicht vun der Ekipp vum Danel Sinani, deen déi 90 Minutten iwwer op der Bänk bliwwen ass.

An der zweeter Bundesliga huet Magdeburg 0:0 géint Paderborn gespillt, woumat Magdeburg nees op Plaz 11 ass. Dee jonken Eldin Dzogovic stoung bei Magdeburg net am Kader.

Fir Vilafranquense gouf et an der zweeter portugisescher Liga een 1:1-Remis géint Farense. Den Tabellefënnefte mam Eric Veiga louch géint den Drëtte ronn 20 Minutten a Féierung, krut an der 85. Minutt nach den Ausgläich per Eelefmeter geschoss. Den Eric Veiga ass an der 73. Minutt agewiesselt ginn.

Freideg

An der zweeter Liga an Éisträich gouf et dräi Punkte fir St. Pölten bei Austria Wien II. Den Dirk Carlson stoung dobäi 90 Minutten um Terrain. Getraff fir d'Gäscht haten de Scharner an der 45 Minutt an de Llanez an der 81. Minutt.