
© AFP
Am Riseslalom konnt sech de Marco Odermatt duerchsetzen an am Schisprange krut de Stefan Kraaft déi meeschte Punkten.
Beim Riseslalom bei den Hären zu Kranjska Gora a Slowenien konnt sech de Schwäizer Marco Odermatt duerchsetzen, dat mat enger Zäit vun 2 Minutten, 20 Sekonnen an 91 Honnertstel. Domadder war hien 32 Honnertstel méi séier wéi den Henrik Kristoffersen, deen op d'Plaz 2 koum, an 70 Honnertstel wéi den Alexis Pinturault, deen de Podium komplettéiert huet.
Esouwuel d'Damme wéi och d'Häre ware beim Biathlon Massestart zu Östersund a Schweden am Asaz. Bei den Damme konnt sech d'Dorothea Wierer behaapten, déi no 31 Minutten, 58 Sekonnen a 5 Honnertstel iwwer d'Arrivée gefuer ass. Wéi d'Italienerin och ouni Feeler koum d'Lou Jeanmonnot aus Frankräich op déi zweete Plaz, mat engem Retard vun eppes iwwer 6 Sekonnen. D'Plaz dräi goung un hir Landsfra Julia Simon, déi sech ee Feeler beim Schéisse geleescht hat. Si hat 11 Sekonne Réckstand op d'Gewënnerin.
Bei den Häre war den Vetle Sjaastad Christiansen dee Séierste mat 35 Minutten a 17 Sekonnen op de 15 Kilometer. Seng Victoire huet hien och sengem Schéissen ze verdanken, well hien deen eenzegen am Feld ouni Feeler war. Op d'Plaz Zwee mat iwwer 9 Sekonne Retard kënnt mam Johannes Dale e weideren Norweger, Drëtte gëtt den Eric Perrot aus Frankräich, mat iwwer 12 Sekonne Réckstand.
Am Schisprangen waren d'Hären zu Oslo am Asaz. Hei wënnt de Stefan Kraft aus Éisträich mat 266,10 Punkte, virum
Slowen Anze Lanisek mat 257,8 an dem Dawid Kubacki aus Polen mat 257,7 Punkten.