Eng 2.600 Leefer waren dëse Sonndeg op den Depart vum Postlaf gaangen an hunn déi 10 Kilometer a schwéierer Wiederkonditioune probéiert, ze meeschteren.

Jee nodeem aus wéi enger Richtung d'Leefer koumen, fir um Postlaf deelzehuelen, hu se de Schnéi vun der Autosfënster missten ewechmaachen. Wärend deene 25 Editioune vum Postlaf huet een schonn all méiglech Wiederkonditiounen erlieft. Dat onfrëndlecht Wieder war awer keng Brems fir d'Lafbegeeschterung, soss hätte sech jo kaum eng 2.600 Leefer op de Wee gemaach, fir déi 10 km zréckzeleeën. Fir déi eng war et de Saisonsoptakt, fir déi aner den Ofschloss.

Net manner wéi 8 Museksgruppen hunn d'Leefer an d'Leeferinnen op deenen 10 Kilometer begleet. D'Zuel vun de Leefer a Leeferinnen léisst den Optimismus entstoen, dass et och weiderhin populär wäert bleiwen,  fir an der Gemeinschaft ze lafen. Un e Streckerekord war net ze denken, well  den Organisateur, d'Amicale vun der Post , duerch e Chantier um Boulevard Kockelscheier an een zu Zéisseng bedéngt, gezwongen gouf, fir de Parcours ze änneren. Dee gouf doduerch e Crack méi schwéier wéi déi Jore virdrun.

D'Folasleeferin Jenny Gloden huet sech nom Championstitel am Cross de leschte Weekend och an de Palmarès vum Postlaf ageschriwwen. Déi 2. Plaz ass fir Zsanett Mosco  an déi 3. fir d'Sandra Lieners. De Brudder, de Yannik gouf och 3. bei den Hären an huet Revanche geholl fir säin Ofschneiden um Cross Championnat. Dem Yonas Kinde war et gelongen, fir de Charel Van Heeze op de leschte Kilometer ofzehänken, an esou als Vainqueur iwwert d'Linn ze lafen.

Déi Jore virdru waren d'Kannerleef wärend dem Postlaf, dëst Joer hunn d'Kanner méi fréi missten aus de Plommen, well elo virun deen Grousse gelaf gouf. Opgedeelt an zwou Kategorien hunn déi ronn 400 Kanner hiert Bescht ginn.