D'Mandy Minella wunnt den Ament zesumme mat hirem Mann, dem Tim Sommer, an hiren zwee Meedercher Emma (5 Joer) a Maya (2 Joer).

D’Mandy Minella huet eis Rendezvous bei hir doheem zu Lampech an der Gemeng Reckeng ginn. Am Joer 2001 huet dem Mandy Minella hir Profikarriär am Tennis ugefaangen. Am Juni 2022 huet si hir Tennisrackett un den Nol gehaangen.

"Tennis war mäi Liewen"

D'Mandy Minella laacht iwwer d'ganzt Gesiicht, wa si vun hirer Tenniszäit erzielt. Et wäre laang Jore gewiescht, wou si wärend Woche quasi nëmmen aus der Wallis gelieft huet. Et wär vun Tournoi op Tournoi gaangen.

Mat 5 Joer stoung d'Lëtzebuergerin eng éischte Kéier op engem Tennisterrain. Eemol d'Woch gouf trainéiert. "Mäin Dram war et, ewéi d’Steffi Graf eng Kéier am Fernsee ze spillen". Bei dësem Saz glënneren dem Mandy Minella hir Ae vu Begeeschterung.

RTL

© Mike Elsen / RTL

Den Duerchbroch geléngt der Lëtzebuerger Profispillerin am Joer 2010 bei de US Open. 3 Matcher an der Qualifikatioun gewonnen an zweemol als Gewënnerin am Haaptfeld vum Terrain gaangen. An du koum de Match géint d'Venus Williams, deemools d’Nummer 4 op der Welt: "Dat war Samschdegowes, um gréissten Terrain vun der Welt. Dat war eng ongleeflech Nuecht." An zwee Sätz 2:6 an 1:6 goung de Match um Enn géint d'Venus Williams verluer.

Mëttwochs, den 22.Juni 2022, huet d'Mandy Minella hire leschte Profimatch gespillt. Dat war beim Grand Slam zu Wimbledon. No der zweeter Qualifikatiounsronn géint d’Nummer 129, d'Maddison Inglis, war Schluss. Schonn de 15.September 2021 hat d'Mandy Minella dem Lëtzebuerger Publik op der Kockelscheier Äddi gesot.

"Tennis war mäi Liewen"
Kamera: Mike Elsen

"Et muss een alles ginn"

Et misst ee bereet sinn, all Dag op den Training ze goen, esou déi zweefach Mamm am RTL-Interview. "Et gëtt kee Secret. Entweder du schaffs an du gëss besser, Lidderegkeet gëtt net bezuelt. Wann een haart schafft, gëtt ee belount."

Mat vill Freed a Motivatioun wär déi gebierteg Escherin ëmmer op hir "Aarbecht" gaangen.

RTL

© Mike Elsen / RTL

Tournoi op der Kockelscheier: viru Frënn a Famill spillen

Op der Kockelscheier Tennis ze spillen, wär ëmmer eng aner Ambiance gewiescht. Dat verréit eis d'Mandy Minella am Gespréich. "Déi Woch zu Lëtzebuerg war wéi an enger grousser Famill." Jidderee war gutt gelaunt, et ware méi oder wéineger ëmmer déi selwecht Leit an d'Profispillerin hat Spaass hei ze spillen.

Tim Sommer: Trainer a Mann vum Mandy Minella

Am Joer 2010 huet d'Mandy Minella den Tim Sommer kennegeléiert. Hie war déi Zäit schonn als Trainer op der Tour ënnerwee. Am Joer 2012 war et dunn Decisioun, zesummen op de Circuit ze goen. "Dat war net de Plang vun Ufank un." Zu Köln huet den Tim Sommer studéiert. Alles wat mam Konditiounsbereich ze dinn huet. "Et goufen och Momenter, déi waren haart. Et war net alles roseg", esou d'Lëtzebuergerin iwwer d'Situatioun, datt hiren Trainer gläichzäiteg och hire Mann ass.

"Am neie Liewen ukomm"

D'Emma (5 Joer) an d'Maya (2 Joer) sinn de Mëttelpunkt vum Mandy Minella hirem Liewen. D'Schoul an d'Crèche dominéieren de Rhythmus. "Moies si mir fréi wakereg", sou déi zweefach Mamm. Kuerz no 6 Auer moies schellt de Wecker bei der Famill Sommer – Minella zu Lampech. Am Nomëtten huelen d'Mandy an den Tim sech vill Zäit fir hir zwee Meedercher. Hir Kanner solle Sport maachen. Wat fir eng Sportaart wär egal. D'Emma spillt an der LASEP Tennis a geet schwammen. "Mëttlerweil kann hatt ouni Äermercher schwammen", verréit eis eng ganz houfreg Mamm.

RTL

© Mike Elsen / RTL

D'Mandy Minella ass gebierteg vun Esch. Elo wunnt si mat hirer Famill um Land, zu Lampech. "Dat Duerfliewen ass flott. Et huet een e Programm. Et gesäit ee reegelméisseg déi selwecht Leit. Et geet een op Duerffester an et huet ee Frëndschaften opgebaut." Déi fréier Lëtzebuerger Tennisspillerin kënnt an d’Schwäermen.

Berufflech Zukunft

Fir d’Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer 2011 ass et elo mol wichteg eng berufflech Léisung ze fannen. Den Ament trainéiert Si zesumme mat hirem Mann d’Marie Weckerle. Am Sportberäich wéilt Si sech weiderhi gären engagéieren. D’Mandy Minella kéint sech virstellen als Sportscoordinatrice an hirer Gemeng ze schaffen. Hei geet et drëms d’Kanner aus der Primärschoul un de Sport erunzeféieren.

D’Chamberwalen am Oktober kéinten eventuell och en Thema fir déi fréier Tennisspillerin ginn. Si wär och scho vun enger Partei kontaktéiert ginn. Eng definitiv Decisioun huet déi jonk Mamm allerdéngs nach net geholl.