Fir de Maxime Chanot, den Anthony Moris an den Olivier Thill gouf et wichteg Victoiren. De Sébastien Thill an den Tim Hall hunn hir Matcher verluer.

An der Nuecht zum Sonndeg war de Maxime Chanot mat New York City am Asaz. D'Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller huet sech mat 3:2 géint DC United behaapte kënnen. De Chanot stoung wärend 90 Minutten um Terrain a steet no véier Spilldeeg mat senger Ekipp op der fënnefter Plaz.

Den Olivier Thill huet an der zweeter tierkescher Liga 1:0 mat Eyüspor géint Manisa gewonnen. Et war eng wichteg Victoire fir Eyüspor am Kampf ëm den Opstig an d'Süper Lig. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun a gouf no 72 Minutten ausgewiesselt.

Hansa Rostock huet an der zweeter däitscher Bundesliga e weidere Réckschlag musse verkraaften. Um 25. Spilldag gouf et fir d'Ekipp vum Sébastien Thill, deen net zum Asaz koum, doheem eng 2:5-Defaite géint Düsseldorf. Rostock steet elo op Plaz 17, huet awer just ee Punkt Réckstand op dat rettend Ufer.

Den Eric Veiga a Vilafranquense verléiere weider den Uschloss un d'Opstigsplazen an der zweeter portugisescher Liga. Um 25. Spilldag huet sech Vilafraquense 1:1 vu Penafiel getrennt. Den Eric Veiga huet als Kapitän 90 Minutten duerchgespillt.

Fir Ujpest an den Tim Hall gouf et an der ungarescher Liga eng batter 1:5-Néierlag bei Puskas Akadémia, déi aktuell Drëtten am Klassement sinn. D'Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller steet no 24. Spilldeeg mat 27 Punkten ganz knapp virun enger Ofstigsplaz a muss sech déi nächst Wochen ustrengen, net erauszefalen.

Austria Wien huet um 22. Spilldag eng 2:0-Victoire am Derby géint Rapid Wien gefeiert. Fir de Marvin Martins war de Match awer no 34 Minutte schonn eriwwer, well hien no engem Foul verletzungsbedéngt ausgewiesselt huet musse ginn. D'Austria ass elo Fënneften an der Tabell mat 32 Punkten, direkt hannert dem Lokalrival.

Nom Weiderkommen an der Europa League ënnert der Woch huet Union St. Gilloise och an der belscher Jupiler League gewonnen. Duerch den 2:1 géint Mechelen bleift d'Ekipp vum Anthony Moris dräi Punkten hannert dem Tabelleleader Genk.

An der Bundesliga krut de Leandro Barreiro a Mainz et doheem mat Freiburg ze dinn. D'Gäscht waren an der 55. Minutt duerch den Doan a Féierung gaangen, ma déi Mainzer hu sech net opginn an d'Partie an der 96. Minutt duerch den Onisiwo ausgeglach. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 68. Minutt duerch den Barkok erstat.

Samschdeg

Um Samschdeg gouf et fir Waldhof Mannheim an de Laurent Jans eng batter 0:3-Defaite bei Wehen-Wiesbaden. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung iwwer 90 Minutten um Terrain, konnt déi dräi Goler an der zweeter Hallschent awer net verhënneren. Mannheim huet elo zwee Punkte Réckstand op Wehen-Wiesbaden, déi op der drëtter Plaz stinn.

Den Enis Mahmutovic huet mat ZSKA Sofia wichteg Punkten am Kampf ëm d'Meeschterschaft gesammelt. Sofia konnt mat 1:0 géint den Tabelleleschte Varna gewannen a steet weiderhin un der Tabellespëtzt, véier Punkte virum Zweetplacéierte Ludogorez Rasgrad. De Lëtzebuerger souz am Ufank op der Bänk a gouf an der 80. Minutt agewiesselt.

Wigan Athletic spillt deen zweete Match hannertenee gläich a kënnt net wierklech vun der Plaz. Am Match géint Watford gouf et en 1:1. Den Danel Sinani stoung déi 90 Minutten um Terrain. Wigan bleift Tabelleleschten, huet awer just dräi Punkte Réckstand op eng Netofstigsplaz.

Fir den 1. FC Köln an de Mathias Olesen war et batteren Owend zu Dortmund. D'Kölner goufe mat engem 1:6 heemgeschéckt. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun an huet de ganze Match gespillt.

De Mica Pinto a Sparta Roterdam konnten hir drëtt konsekutiv Victoire feieren. Beim 2:0 beim FC Emmen huet de Lëtzebuerger déi komplett 90 Minutte gespillt. Sparta Rotterdam läit elo op der fënnefter Plaz an der Eredivisie.

Den SC Bastia sammelt weider Punkten an huet nach ëmmer gutt Chancen op eng Opstigsplaz. De Florian Bohnert stoung bei der 1:0-Victoire beim FC Paräis déi komplett Spillzäit um Terrain.

Freideg

90 Minutten iwwer huet den Dirk Carlson an der Defense vu St. Pölten an der zweeter Éisträichescher Liga dofir gesuergt, datt d'Null géint Liefering stoe bliwwen ass. Getraff fir Pölden hunn den Llanez an der 60. an den Hartwig an der 76. Minutt.

En 1:1 gouf et fir d'Ekipp vum Gerson Rodrigues Al Wehda doheem géint Al-Taawon. De Lëtzebuerger war bei dëser Partie awer net am Kader.