Et war déi 13. Victoire vum Schwäizer an dëser Saison. Am Biathlon wënnt d'Denise Herrmann-Wick déi lescht Course vun hirer Karriär.

D'Denise Hermann-Wick huet zum Ofschloss vun hirer Karriär nach eng lescht Victoire gefeiert. Zu Oslo um Holmenkollen huet déi Däitsch sech am leschte Sprint vun der Saison mat enger Avance vun 3,5 Sekonne virun der Schweedin Hanna Öberg duerchgesat. Mam Anna Magnusson koum eng weider Schweedin op de Podium (+33,1 Sekonnen). D'Herrmann-Wick, déi eréischt virun e puer Woche Weltmeeschterin zu Oberhof gouf, huet sech mat dëser Victoire och déi kleng Kristallkugel an der Sprint-Kategorie geséchert.

Bei den Hären ass de Johanens Thingnes Bö senger Favoritteroll gerecht ginn an huet no senger Victoire am Sprint um Freideg och d'Verfollgung um Samschdeg fir sech entscheet. Op den 12,5 Kilometer huet den Norweeger sech ee Schéissfeeler erlaabt, hat awer eng Avance vun 32,7 Sekonnen op den Zweetplacéierte Quentin Fillon Maillet. Drëtte gouf mam Sturla Holm Lagreid (+ 49,1 Sekonnen) e weideren Norweeger. Dem Thingnes Bö war de Gewënn vun der klenger Kristallkugel a vum Gesamtweltcup scho virun der Course net méi ze huelen.

Am Schi Alpin huet de Marco Odermatt an der leschter Course vun der Saison seng 13. Victoire an der Saison gefeiert. Mat dëser Victoire am Slalom konnt hien en neie Punkterekord opstellen; dee läit elo bei 2042 Punkten an enger Saison. Dëse Rekord gouf bis elo vum Éisträicher Hermann Maier mat 2000 Punkte gehalen (Saison 1999/2000). Mat senger 13. Victoire zitt de Schwäizer mam Trio Maier, Marcel Hirscher an Ingemar Stenmark gläich, déi genee esou vill Courssen an enger Saison gewanne konnten. Den Odermatt hat bei der Course zu Soldeu an Andorra eng Avance vun 2,11 Sekonne virum Henrik Kristoffersen an 2,29 Sekonne viru sengem Landsmann Marco Schwarz.

Bei den Dammen huet d'Slowakin Petra Vlhova de Slalom mat enger Avance vun 0,43 Sekonnen op d'Leona Popovic gewonnen. D'Mikaela Shiffrin, déi virun e puer Deeg eng nei Beschtmark bei de Victoiren am Weltcup gesat hat, koum als Drëtt (+0,86 Sekonnen) op de Podium.

Och am Schisprangen ass dëse Weekend déi lescht Etapp vun der Saison 2022/23. An engem privaten Duell hunn den Halvor Egner Granerud an de Stefan Kraft d'Victoire ënnert sech ausgemaach. Um Enn konnt sech sech den Norweeger Granerud mat Spréng op 235,5 an 222 Meter géint den Éisträicher duerchsetzen. Den Daniel Tschofenig koum op déi drëtt Plaz.