Um Sonndeg goufen am nationalen Tennis Center zu Esch déi nei Landesmeeschter am Indoor ermëttelt.

Bei de Männer heescht den neie Landesmeeschter Robi Tholl, dee sech an zwee Sätz mat 6:2 a 6:1 géint de Christophe Nickels duerchgesat huet.

D'Laura Palumbo dierf sech bei den Dammen nei Landesmeeschterin nennen. Si gewënnt och an zwee Sätz kloer mat 6:1 a 6:0 géint d'Leila Fabbri behaapten.

RTL

Den neie Champion Robi Tholl. / © FLT

RTL

Déi nei Landesmeeschterin Laura Palumbo. / © FLT