En Tour duerch de Stade de LuxembourgWou een als Spectateur normalerweis net hikënnt

Isabelle Henschen
Am Virfeld vum Futtballmatch Lëtzebuerg-Portugal e Sonndeg, duerfte mer mat der Kamera en Tour duerch de Stade de Luxembourg maachen.
En Tour duerch de Stade de Luxembourg
Am Virfeld vum Futtballmatch Lëtzebuerg-Portugal de Sonden, duerfte mer mat der Kamera en Tour duerch de Stade de Luxembourg maachen.

Mir konnten an de Vestiairen an am VIP filmen, wat duerch di streng UEFA-Reegelen den Dag vum Match selwer net méiglech ass.

Den zweete Qualifikatiounsmatch, deen eis Futtballnationalekipp fir d’Europameeschterschaften 2024 spillt, ass ausverkaf. Déi 9.471 Plazen am Stade de Luxembourg wäerten all besat sinn. Dat sinn 8708 Standard Plazen, 512 VIP, 27 VVIP, 174 Plaze fir d’Press a 50 accessibel Plaze fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit.

Et ass net den éischte Match, deen zënter der Ouverture am September 2021 ausverkaf ass, an awer e Besonneschen. Et gëtt nämlech vill Prominenz erwaart. Ugemellt hu sech Lëtzebuerger Minister, di portugisesch Regierung an de Grand-Duc.

Esou en internationale Match bedeit eng grouss Organisatioun. Souwuel fir de Service sports vun der Stad Lëtzebuerg, vun deem 8 Mataarbechter fir den Entretien vum Stadion zoustänneg sinn, a fir d’Futtballfederatioun. De Joël Wolff, de Generalsekretär vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun, geet dovunner aus, dass eng 500 Leit den Dag vum Match am Asaz sinn. E groussen Deel dovunner mécht d’Sécherheetspersonal aus, déi Leit déi di 14 Buvettë betreien, Police, Cateringpersonal an d’Ekippe vun der Tëlee fir d’Iwwerdroung vum Match.

Back to Top
CIM LOGO