Ryoyu Kobayashi gewënnt lescht Sprange vun der Saison

© AFP
De Japaner gewënnt d'Sprangen zu Lahti virum Stefan Kraft an dem Karl Geiger. D'Competitioun gouf vu staarke Wandstéiss dominéiert.
Wéinst schwierege Wiederkonditioune mat staarkem Wand gouf d'Sprange vun zwee op ee Sprange reduzéiert. Vill Sprénger goufe vum Wand aus der Kompetitioun gehäit oder hunn net esou gutt Spréng produzéiere kënnen.
Dem Japaner Ryoyu Kobayashi war mat 136,5 Meter dee wäitste Sprong vum Dag gelongen. Domat konnt hie sech am leschte Sprange vun der Saison d'Victoire virum Éisträicher Stefan Kraft an dem Däitsche Karl Geiger sécheren. Och vill Favoritte waren de schwéiere Wandverhäntnisser zum Affer gefall, ënner anerem och de Gewënner vum Gesamtweltcup, den Norweeger Halvor Egner Granerud, dee just 46. gouf.