Neie Kontrakt vum Jalen Hurts brécht all Rekorder

© AFP
D'Philadelphia Eagles hunn no der gudder leschter Saison Neel mat Käpp gemaach a mat hirem Star-Quarterback en neie Kontrakt ënnerschriwwen.
An dee knackt all d'Rekorder. Den Jalen Hurts kritt fir säin neie Fënnefjoreskontrakt nämlech US-Medieberichter no 255 Milliounen Dollar bezuelt, ëmgerechent ronn 232 Milliounen Euro. Deemno pro Joer 51 Milliounen Dollar, déi héchsten Zomm, déi eng NFL-Ekipp bis elo fir e Spiller bezuelt huet.
Vun den 255 Milliounen Dollar, sinn 179 Milliounen Dollar garantéiert. Dës Zomm ass also onofhängeg vun der sportlecher Leeschtung vum Eagles-Quarterback. Donieft soll den Hurts als éischte Spiller an der Geschicht vun de Philadelphia Eagles eng sougenannten No-Trad-Clause am Kontrakt hunn. Deemno dierf en nëmme bei eng aner Ekipp getrade ginn, wann hien dem Trade selwer zoustëmmt.