Steesel hat dës Saison bis zum Schluss ëm de Championstitel matgespillt. An der Finall huet ee sech Esch awer misse geschloe ginn.

Am Basket huet d'Amicale Steesel mam Daniel Brandao een neien Trainer fir d'Härenekipp fonnt. Hien ersetzt den Etienne Louvrier, deen no der Defaite an der Finall vum Championnat e Schlussstréch ënnert seng Trainerkarriär gezunn hat.

De Brandao ass keen Onbekannten am Lëtzebuerger Basket. Hie souz schonn zu Bascharage an zu Hiefenech op der Trainerbänk.

D'Häre vu Walfer ginn d'nächst Saison iwwerdeems vum Dragan Stipanovic trainéiert.