Dragan Stipanovic neien Trainer zu Walfer

© Screenshot Facebook BBC Résidence Walfer
D'Residence Walfer huet e Samschdeg op de sozialen Netzwierker matgedeelt, dass de Kroat ab der nächster Saison d'Härenekipp iwwerhëlt.
Den Dragan Stipanovic huet de Kontrakt ënnerschriwwen a gëtt ab der Saison 2023/24 neie Chefcoach vun der Härenekipp zu Walfer.
De Stipanovic bréngt Erfarungen als Assistenztrainer bei der Etzella an och als Headcoach zu Wolz mat. Vun 1996 bis 2020 war hie professionelle Basketballspiller an huet ë.a. a Kroatien, Frankräich (ProB), Israel a Griicheland gespillt. Seng lescht Statioun war an der Saison 2020/21 de BBC Préizerdaul zu Lëtzebuerg.
Den neien Trainer vun de Walfer Hären huet zënter dem Joer 2021 seng A-Lizenz als Trainer zu Lëtzebuerg.