A knapp 12 Deeg ass den Depart vum Nuetsmarathon. Mat dësen Tipps gitt dir nach besser virbereet un de Start.

D’Been héich leen a Raschten

Dat wou een elo nach net trainéiert huet, kann een och déi lescht Deeg net gutt maachen. D’Been héich leen ass Devise e puer Deeg virun der Course. Packt een et awer net roueg ze bleiwen, soll ee kuerz Sortië maachen an héchstens sech wärend e puer Minutten un de Course-Tempo erun taaschten.

Genuch Iessen

Elo nach séier e bëssen ofhuelen, dat ass kuerz virun engem Effort keng gutt Iddi. De Kierper brauch Energie fir ze recuperéieren. Grad déi lescht Deeg virum Marathon oder Hallefmarathon soll een d'Späicher gutt mat Kuelenhydrater fëllen a virun allem op Zocker an ze vill Fett verzichten.

RTL

© Envato

Genuch Drénken

Och d’Waasserspäicher am Kierper soll ee fëllen. Iwwert den Dag verdeelt soll een ëmmer nees e Glas Waasser oder Spruddel drénken. Idealerweis op anert Gedrénks verzichten. Och e puer Deeg virdru kee Kaffi drénke, kann hëllefen, besser ze schlofen an de Verzicht op de Kaffi hëlleft och de Waasserhaushalt am Kierper besser ze geréieren.

Realistesch Ziler setzen

Wochelaangen Training hunn déi meescht elo hannert sech, fir um groussen Dag déi bescht Leeschtung ofzeruffen. Et sollt een sech awer am Klore sinn op déi eegen Ziler, a sech d'Fro stellen, ob se nach realistesch sinn.
Fir eng realistesch Hallefmarathon-Zäit auszerechnen, soll een seng 10km-Zäit mat 2,23 multiplizéieren. Well de Nuetsmarathon an der Stad esou ee schwéiere Parcours ass, sollt ee roueg nach e puer Minutten drop packen. Fir eng realistesch Marathon-Zäit auszerechnen hëlt een seng 10km-Zäit a multiplizéiert se mat 4,67 (och hei sollt een e puer Minutten drop rechnen).

RTL

© Envato

D’Streck emol am Kapp duerchgoen

Wéi ech scho geschriwwen hunn, ass d’Streck exigent. De Parcours huet vill Kéieren a virun allem de Schluss ass mat engem Faux plat um Enn net z'ënnerschätzen. Dofir sollt ee sech de Parcours eemol ukucken a sech d’Streck gutt andeelen. Sekonnen déi een am Ufank ze séier leeft, bezilt een op dësem Circuit zum Schluss gäre mat Minutten.