Conference LeagueMainz a Crystal Palace loossen hire Géigner keng Chance

Steven Milbert
Nieft der Europa League goufen en Donneschdeg och an der Conference League d'Allersmatcher vun de Véierelsfinalle gespillt. Dës ënnert anerem mat Mainzer a Londoner Bedeelegung.
© Kirill Kudryavtsev / AFP

Mä och d’Spuenier sinn nach mat engem Veräin an der Conference League vertrueden. Rayo Vallecano, wat sech an den Aachtelsfinalle géint Samsunspor duerchgesat huet, konnt sech bei der 3:0-Victoire géint AEK Athen an eng gutt Ausgangspositioun fir de Retourmatch an enger Woch spillen, soudatt d’Spuenier scho bal mat engem Been an den Halleffinalle stinn.

Och d’Londoner vu Crystal Palace konnten an hirem Match géint den italieenesche Vertrieder vu Florenz iwwerzeegen. No enger duerchaus iwwerzeegender Leeschtung vun de Londoner steet um Enn eng 3:0-Victoire um Bou vum Match. D’Florentiner, déi den Ament op der 15. Tabelleplaz an der Serie A stinn, hunn iwwert déi ganz 90 Minutten net an de Match fonnt, soudatt d’Victoire fir Palace duerchaus verdéngt ass.

D’Mainzer, déi den Ament och an der Bundesliga ze iwwerzeege wëssen, konnten hir gutt Leeschtung aus de vergaangene Matcher och an der Conference League confirméieren. No enger dominanter Prestatioun a Goler duerch Sano a Posch kënne sech d’Mainzer héichverdéngt mat 2:0 géint d’Elsässer vu Stroossbuerg behaapten, déi domadder mat enger Hypothéik an de Retourmatch ginn.

D’Hollänner aus Alkmaar hu sech a Polen géint den ukrainesche Vertrieder vun Donezk misse mat 0:3 geschloe ginn. Ass et no langweilegen éischte 45 Minutte mat engem 0:0 an d’Kabinne gaangen, esou hunn d’Männer aus der Ukrain an der Schlussphas vun der zweeter Hallschent nach eng Kéier voll opgedréint an den hollännesche Gäscht nach dräi Géigegoler mat op den Heemwee ginn. D’Hollänner stinn deemno am Retourmatch virun enger Herkulesaufgab.

FSV Mainz 05 - Racing Stroossbuerg 2:0
1:0 Sano (11'), 2:0 Posch (19')

Schachtar Donezk - AZ Alkmaar 3:0
1:0 Pedrinho (72'), 2:0 Alisson (81'), Alisson (83')

Crystal Palace - AC Florenz 3:0
1:0 Mateta (24', Eelefmeter), 2:0 Mitchell (31'), Sarr (90')

Rayo Vallecano - AEK Athen 3:0
1:0 Akhomach (2'), 2:0 Unai Lopez (45'+2), 3:0 Isi (74', Eelefmeter)

Back to Top
CIM LOGO