Europa LeagueFreiburg klappt Celta Vigo däitlech, Aston Villa setzt sech auswäerts duerch

Steven Milbert
En Donneschdeg den Owend stoungen an der Europa League d'Allersmatcher vun de Véierelsfinallen um Programm. Ënnert anerem ware Freiburg, Nottingham an Aston Villa am Asaz.
© Silas Stein / AFP

Gläich zwee Matcher goufen op dësem Donneschdegowend a Portugal gespillt. Allerdéngs gouf et an der Partie tëscht Braga a Betis Sevilla kee Gewënner. An engem ausgeglachene Match komme béid Ekippen net iwwert en 1:1-Gläichspill eraus, soudatt fir de Réckmatch nach alles oppen ass. Och Porto war fir den Allersmatch doheem gefrot. Mä och am Match tëscht der Lokalekipp an de Gäscht aus Nottingham sollt no 90 Minutte keng vu béide Formatiounen als Gewënner vum Terrain goe kënnen. Béid Ekippen trenne sech 1:1, soudatt och hei fir béid Veräiner nach alles dran ass.

Obschonns Bologna eigentlech déi méi kreativ a spillbestëmmend Ekipp um Terrain war, musse sech d’Italieener mat 1:3 géint Aston Villa geschloe ginn. Dëst well d’Männer vu Birmingham op individuell Feeler gelauert an dës gläich dräi Mol äiskal ausgenotzt hunn. Virun eegenem Public dierften d’Englänner am Retourmatch an enger Woch wuel kaum Probleemer hunn, fir de Sack zouzemaachen, soudatt si schonns bal mat engem Fouss an der Halleffinall vun der Europa League stinn.

Iwwerzeege konnt virun allem den SC Freiburg, deen a sengem Heemmatch den Toun uginn huet. An der Defense hunn d’Breisgauer näischt ubrenne gelooss an am Stuerm hu si ëmmer mat dem néidege Seriö gespillt, soudatt sech déi Däitsch um Enn verdéngt mat 3:0 géint d’Spuenier vu Celta Vigo duerchsetze kënnen. D’Freiburger ginn deementspriechend mat Réckewand an de Retourmatch.

SC Freiburg - Celta Vigo 3:0
1:0 Grifo (10'), 2:0 Beste (32'), 3:0 Ginter (78')

Am Freiburger Europa-Park-Stadion kruten d’Spectateuren eng monter Prestatioun vun der Heemekipp gewisen. De Freiburger Sportclub war an den éischte 45 Minutte kloer déi spillbestëmmend Ekipp. Esou konnte sech d’Freiburger schonns an der Ufanksphas eng sëllege Chancen erausspillen. An der 10. Minutt hu sech d’Männer aus dem Breisgau dunn och fir hir Méie belount. No engem Fräistouss ass de Ball beim Grifo gelant, deen dësen aus der Distanz schéin an de Filet gezierkelt an domadder de Score opgemaach huet. Doropshin ass de Match e bëssen ofgeflaacht. Freiburg huet näischt ubrenne gelooss a Celta Vigo ass et extrem schwéier gefall, fir am Stuerm geféierlech ze ginn. Esou gouf et vun de Spuenier an der éischter Hallschent keng nennenswäert Occasioun ze vermellen. D’Freiburger hu sech awer net mam 1:0 zefridde ginn an hunn eng Véierelstonn virum Säitewiessel nees ugefaangen, no vir ze spillen. Dowéinst sollt och nach an der 32. Minutt, no engem clevere Spillzuch, den zweete Gol fir d’Haushäre falen. De Matanovic ass an de Strofraum marschéiert an huet do op de Beste ofgeluecht, dee keng Problemer hat, fir den zweete Gol vum Dag ze markéieren. Doropshin huet Freiburg wuel nach deen een oder anere Schoss a Richtung Gol vum Radu lassgelooss, mä de Golkipp vu Celta Vigo huet net méi hannert sech misse gräifen, soudatt et mat engem 2:0 aus Freiburger Siicht op den Téi gaangen ass.

Nom Téi kruten d’Spectateuren nees dat gewinnte Bild ze gesinn. De Gäscht vu Celta Vigo ass häerzlech wéineg am Stuerm agefall, soudatt Freiburg alles souverän ewech verdeedege konnt an am Stuerm hunn d’Breisgauer selwer déi eng oder aner Kéier Akzenter gesat an esou de Golkipp vu Celta Vigo an d’Laberente bruecht. Esou huet et kee verwonnert, datt den drëtte Gol fir d’Freiburger nach an der zweeter Hallschent gefall ass. No engem Corner an der 78. Minutt koum de Ginter mam Kapp un de Ball, deen dësen aus kierzter Distanz zum 3:0 verwäerte konnt. Et war en däitlechen Klassenënnerscheed tëscht Freiburg a Celta Vigo festzestellen, mä et sollt um Enn awer beim Score vun 3:0 fir Freiburg bleiwen. E Resultat, wat iwwert de ganze Match gekuckt, esou guer méi héich hätt kéinten ausfalen. Allerdéngs stinn d’Kaarte fir d’Freiburger och esou gutt, fir no dëser Victoire kënnen an d’Halleffinallen anzezéien.

FC Bologna - Aston Villa 1:3
0:1 Konsa (44'), 0:2 Watkins (51'), 1:2 Rowe (90'), 1:3 Watkins (90'+4)

FC Porto - Nottingham Forest 1:1
1:0 William Gomes (11'), 1:1 Martim Fernandes (13', Eegegol)

Sporting Braga - Real Betis Sevilla 1:1
1:0 Grillitsch (5'), 1:1 Cucho Hernandez (61', Eelefmeter)

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Europa League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO