Deen eenzege Klassiker, deen nach am Palmarès feeltGewënnt den Tadej Pogacar e Sonndeg och Paris - Roubaix?

RTL Lëtzebuerg
Mathieu van der Poel ass de gréisste Konkurrent, och aner Outsideren net ouni Chancen.
© AFP
Gewënnt den Tadej Pogacar e Sonndeg och Paris - Roubaix?
De Mathieu van der Poel ass de gréisste Konkurrent, och aner Outsider net ouni Chancen.

Mat 27 Joer ass den Tadej Pogacar déi dominant Figur am internationale Vëlosport. De Sloween huet a senger Karriär bis op Paris - Roubaix all grouss Klassiker gewonnen. 2025 hat hie sech zu Roubaix hannert dem Mathieu van der Poel als Zweete klasséiert. Dëst Joer gehéiert de van der Poel, dee fir déi 4. Kéier hannertenee Roubaix kéint gewannen, nees zu senge gréisste Konkurrenten. Keen anere beherrscht säi Vëlo esou gutt um Pavé wéi den Hollänner. Och de Belsch Wout van Aert, den Dän Mads Pedersen an den Italiener Filippo Ganna kéinte ganz vir matfueren. Bei Paris - Roubaix brauch et awer och déi néideg Chance, fir um Enn als éischten am Vëlodrom iwwer d’Arrivée ze fueren. Keng aner Course setzt dem Material sou zou wéi de Klassiker am Norde vu Frankräich. An der Course vun de Männer e Sonndeg ass kee Lëtzebuerger um Depart.

Bei den Dammen

Bei de Frae kann ee sech eng oppe Course erwaarden. Fir déi éischte Kéier gëtt d’Course um selwechten Dag wéi déi vun de Männer gefuer. 2025 hat sech d’ Franséisin Pauline Ferrand - Prevot géint d’Konkurrenz behaapt. An hirer Ekipp Visma Lease a Bike fiert och d’ Hollännerin Mariane Vos. Mam Lotte Kopecky aus der Belsch, déi sech 2024 konnt duerchsetzen, kréie si eng staark Konkurrentin. Aus Lëtzebuerger Siicht dierf een op d’Ofschneide vum Nina Berton gespaant sinn. Beim Tour des Flandres leschte Weekend war si eng staark Course gefuer an hat sech op der 34. Plaz klasséiert.

Back to Top
CIM LOGO