Virschau op Paris-RoubaixVan der Poel vs Pogacar?

Sam Rickal
Déi 123. Editioun wäert och dëst Joer fir Spektakel suergen. Gëtt et bei den Hären nees en Duell tëscht zwee Giganten?
2025 konnt sech de Mathieu Van der Poel, hei lenks, virum Tadej Pogacar, hei riets, behaapten.
2025 konnt sech de Mathieu Van der Poel, hei lenks, virum Tadej Pogacar, am wäisse Weltmeeschter-Maillot, behaapten.
© JEFF PACHOUD / AFP

258,3 Kilometer hunn d’Coureuren e Sonndeg hannert sech ze bréngen. Dovu 54,8 Kilometer verdeelt op 30 Pawee-Secteuren. Zu deene grousse Favoritten op d’Schlussvictoire zielen de Mathieu Van der Poel an den Tadej Pogacar. Fir de Sloween wier et déi éischt Victoire. Fir den Hollänner dogéint déi véiert a gläichzäiteg géing hien domadder de Rekord vun de Belsch Roger De Vlaeminck an Tom Boonen egaliséieren. Eng speziell Situatioun fir déi béid Coureuren, dat gesäit och den RTL-Vëlo-Expert Kim Kirchen esou.

“Den Interêt ass grouss och fir de Pogacar, fir déi éischte Kéier Paris-Roubaix ze gewannen. De Van der Poel kéint sech eng véierte Kéier do aschreiwen. Et ass awer nach relativ wäit bis dohinner. Ech mengen do kritt keen eppes geschenkt. Jiddereen ass interesséiert, d’Course ze gewannen. Aner Favoritte gesinn ech elo net direkt, mee jiddereen huet awer och e staarke Co-Equipier u senger Säit. Dat gëtt ganz interessant och taktesch hannen eraus ze fueren an ech menge schonn, datt mir eis erwaarde kënnen, scho wäit virun der Ligne d’Arrivée eng animéiert Course ze hunn.”

Virschau op Paris-Roubaix 2026: Van der Poel vs Pogacar? / S. Rickal

Aktuell ass nach net zu 100 Prozent confirméiert, ob a wéi ee Lëtzebuerger Coureur oder Coureuse mat un den Depart geet. Dominéiert gouf Paris-Roubaix an de leschte Jore vum Mathieu Van der Poel, deen dräimol noenee gewanne konnt. No senger zweeter Plaz 2025 bei senger éischter Participatioun wëll sech den Tadej Pogacar dogéint e Sonndeg zu Roubaix veréiwegen. Et ass déi eenzeg vun de fënnef Monumenter am Vëlossport, déi de Sloween nach net gewonnen huet. Am Fall vun enger Victoire géing de Pogacar mam Eddy Merckx, dem Roger De Vlaeminck an dem Rik Van Looy opschléissen, déi souwuel Mailand-Sanremo, den Tour de Flandres, Paris-Roubaix, Léck-Bastnech-Léck an den Tour de Lombardie gewanne konnten.

“D’Hell aus dem Norden”, wéi Paris-Roubaix och nach genannt gëtt, ass ëmmer onberechenbar. Op deene 54,8 Kilometer Pawee kënnen déi eng oder aner Imprevuen entstoen. Dofir brauch een och ëmmer eng Grëtz Chance.

“Well s de awer iergendwou e Materialproblem wäers hunn oder mol e Co-Equipier, op deen s de net kanns zréckgräifen a villäicht bass de dann op dech eleng gestallt. Dat heescht, de Pogacar wäert et net esou einfach kréien, wéi an engem Tour de Flandres. De Van der Poel wäert a sengem hënneschte Rad pechen, sou laang et geet. Dat gëtt schwéier, deen awer definitiv an där doter Form ze distanzéieren. An da kommen natierlech och déi aner rëm mat an d’Spill. Et gëtt ganz serréiert, et gi keng grouss Ecarten, déi kënnen erausgefuer ginn. dat mécht déi ganz Saach spannend.”

Kopecky, Wiebes a Borghini bei den Dammen

Fir déi éischte Kéier sinn e Sonndeg souwuel d’Hären, wéi och d’Dammen um nämmlechten Dag am Asaz. D’Arrivée vun den Hären ass fir 16.30 Auer programméiert, déi vun den Damme dogéint fir 18.00 Auer. D’Gewënnerin vum leschte Joer, d’Pauline Ferrand-Prévot, déi och den Tour de France Femmes 2025 gewonnen hat, geet e Sonndeg net un den Depart. Ganz vir matfuere wëll sécherlech d’Lotte Kopecky, déi 2024 als Éischt zu Roubaix ukomm war. Donieft kënnen awer och d’Lorena Wiebes an d’Gewënnerin vun 2022, d’Elisa Longo Borghini, ëm d’Schlussvictoire matfueren.

Paris-Roubaix kënnt Dir e Sonndeg vu 14 Auer un um éischten RTL, um RTL Play an op RTL.lu live kucken.

Back to Top
CIM LOGO