Den CSL séchert sech déi éischt Plaz

© FLA / Facebook
De Liichtathletik-Veräin aus der Stad huet sech souwuel bei den Damme wéi och bei den Hären déi éischt Plaz geséchert.
De Weekend gouf zu Dikrech d'Interclub-Championnat an der Liichtathletik organiséiert. Den CSL huet sech bei den Dammen an den Hären an domadder och d'Victoire an der ganzer Competitioun geséchert. Op d'Plazen 2 an 3 sinn den CAB an den CAD komm.
Bei den Dammen huet sech den CSL virum Celtic an dem CAD behaapt. Bei den Häre war den CSL virum CAB an dem CAD.
Bei de verschiddene Kompetitioune gouf et verschidde staark Performancen. Iwwert d'100 Meter huet d'Patrizia van der Weken mat engem Chrono vun 11 Sekonnen an 29 Honnertstel hire Lëtzebuerger Rekord egaléiert. Am Bommstoussen huet de Bob Bertemes d'Bomm 20 Meter an 11 Zentimeter wäit gestouss.
Déi komplett Resultater fannt Dir hei.