UEFA wëll mam internationale Sportsgeriicht EU-Recht entkommen

© AFP
De Swift ass net domat d'accord, datt d'UEFA versicht - nees - wéi Hesper seet, laanscht en uerdentlecht Geriicht ze kommen.
Et geet ëm den Dossier, bei deem e Sponsor vum Club an e Supporter, den Tribunal d'arrondissement an der Stad domat befaasst hunn, datt d'FLF an d'UEFA géint verschidde Gesetzer vun der EU verstousse géifen.
Et geet ënnert anerem ëm d'Reegel, datt eng gewëssen Zuel vu Spiller hei am Land forméiert misste ginn. D'UEFA ass elo der Meenung, datt d'Lëtzebuerger Geriicht an dësem Dossier net zoustänneg wär, mä datt dëse Litige exklusiv virum internationale Sportsgeriicht zu Lausanne verhandelt misst ginn.
De Swift Hesper erënnert drun, datt esou e forcéierte Wee an d'Schwäiz, als eenzegt, an hiren Aen, "illegitimt" Zil hätt, dem EU-Recht ze entkommen a géint d'Recht géif verstoussen, datt e Litige virun engem normale Geriicht verhandelt misst ginn.