Den Iwwerbléck vum internationale FuttballArsenal verléiert géint Bournemouth, Barcelona klappt Espanyol

RTL Lëtzebuerg
Donieft huet Liverpool sech géint Fulham behaapt, wärend et an Italien eng iwwerraschend däitlech Heemdefaite fir AC Mailand gouf.
Barcelona's Spanish forward #10 Lamine Yamal celebrates with teammates at the end of the Spanish league football match between FC Barcelona and RCD Espanyol at the Camp Nou stadium in Barcelona on April 11 , 2026.
© AFP

An der Bundesliga huet Dortmund géint Leverkusen verluer, wärend d’Bayern sech däitlech géint St. Pauli duerchgesat hunn. Donieft waren och eng Rei Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz.

Premier League

Arsenal - Bournemouth 1:2
0:1 Kroupi (17'), 1:1 Gyökeres (35', Eelefmeter), 1:2 Scott (74')

No enger deviéierter Flank huet de Kroupi de Ball just nach mussen zum 1:0 fir Bournemouth iwwer d’Linn drécken. Den Tabelleleader huet doheem awer eng séier Äntwert fonnt a konnt duerch e verwandelten Eelefmeter vum Gyökeres nach virun der Paus egaliséieren. Am zweeten Duerchgang hunn d’Gunners de Match zwar dominéiert, gutt Occasiounen sinn awer just seelen dobäi erausgesprongen. Eng Véierelsstonn viru Schluss huet de Scott d’Lokalekipp du mam 2:1 geschockt, a bei deem Score sollt et bis zum Schluss bleiwen. Trotz dëser zweeter Heemdefaite vun der Saison huet Arsenal weider eng Avance vu 9 Punkten op Plaz 2, dat allerdéngs mat zwee gespillte Matcher méi.

Liverpool - Fulham 2:0
1:0 Ngumoha (36'), 2:0 Salah (40')

No der Defaite géint PSG ënnert der Woch huet Liverpool e wéineg Zäit gebraucht, fir an de Match ze kommen. No enger gudder hallwer Stonn huet de jonken Ngumoha d’Reds mat engem schéinen Ofschloss a Féierung bruecht, kuerz drop huet de Salah mat engem änleche Gol op 2:0 erhéicht. No der Paus hate béid Ekippen nach eng ganz Partie Occasiounen, aus kenger dovun sollt allerdéngs e Gol entstoen. Domat feiert Liverpool déi éischt Victoire an der Liga zanter 4 Matcher.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

Serie A

AC Mailand - Udinese 0:3
0:1 Bartesaghi (26', Selbstgol), 0:2 Ekkelenkamp (37'), 0:3 Atta (71')

D’Haushären hunn de Match zwar kontrolléiert, ma no enger knapper hallwer Stonn huet de Bartesaghi eng Flank an den eegene Gol deviéiert. Eng 10 Minutten drop huet den Ekkelenkamp per Kapp nach een dropgesat. Mailand hat weiderhi méi vum Ball, offensiv huet ee sech awer géint eng kompakt Defense schwéier gedoen, fir sech kloer Geleeënheeten erauszespillen. D’Lokalekipp huet dunn hanne mussen opmaachen a goufen 20 Minutte viru Schluss vum Atta bestrooft, deen de Match mam 3. Gol entscheet huet. Et ass bis ewell déi héchste Mailänner Defaite ënnert dem Trainer Massimiliano Allegri, dee virun der Saison iwwerholl hat.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A

Ligue 1

Auxerre - Nantes 0:0

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1

La Liga

Real Sociedad - Deportivo Alaves 3:3
0:1 Caleta-Car (3', Selbstgol), 1:1 Sucic (14'), 1:2 Diabate (24'), 2:2 Sivera (27', Selbstgol), 3:2 Oskarsson (60'), 3:3 Boye (90+7')

Barcelona - Espanyol 4:1
1:0 Torres (9'), 2:0 Torres (25'), 2:1 Lozano (56'), 3:1 Yamal (87'), 4:1 Rashford (89')

Barcelona huet den Derby géint Espanyol vun Ufank u kontrolléiert an ass no engem Corner duerch den Torres a Féierung gaangen. Eng Véierelsstonn drop war et nees den Torres, dee schéi vum Yamal an Zeen gesat gouf an den 2:0 markéiere konnt. Barça hat de Match laang am Grëff, no enger knapper Stonn huet Espanyol awer aus dem Näischt duerch de Lozano verkierzt. D’Visiteure sinn nom Gol ëmmer besser ginn an hate souguer eng exzellent Occasioun op den 2:2, déi awer ongenotzt blouf. Just e puer Minutten drop huet de Yamal dunn op der anerer Säit vun engem Feeler vum Dmitrovic am Gol vun Espanyol profitéiert an d’Partie entscheet. De Rashford huet no engem Konter fir de 4:1 gesuergt, woumat de Leader Barcelona elo eng Avance vun 9 Punkten op den Tabellenzweete Real Madrid huet.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO