Lëtzebuerger Futtballer am Ausland3 Punkte fir Benfica mam Leandro Barreiro

RTL Lëtzebuerg
Den Enes Mahmutovic an den Eldin Dzogovic koumen dogéint net an den Asaz.
© BEN GAL ORANGE PICTURES DPPI VIA AFP 25112025

Benfica huet a Portugal souverän mat 2:0 géint Funchal gewonnen. De Leandro Barreiro stoung vun Ufank un um Terrain an huet duerchgespillt.

D'Resultater an Tabell aus Portugal.

Den Enes Mahmutovic souz an Holland beim 1:1-Remis vu senger Ekipp NAC Breda bei Fortuna Sittard de ganze Match iwwer op der Bänk. Breda steet op der zweetleschter Plaz an der Tabell an huet e Réckstand vun 2 Punkten op déi éischt Net-Ofstigsplaz.

Magdeburg huet an der 2. Bundesliga zu Paderborn mat 4:3 de Kierzere gezunn. Den Eldin Dzogovic hat et net an de Kader gepackt. De Bilbija huet an där Partie net manner wéi 4 Goler markéiert.

Samschdeg

An der Bundesliga hat St. Pauli keng Chance géint d'Bayern an huet sech um Enn musse 5:0 geschloe ginn. Den Danel Sinani huet d'Partie wéi gewinnt duerchgespillt. St. Pauli bleift domadder op Plaz 16 an domat op der Relegatiounsplaz.

Am Kellerduell vun der 2. Bundesliga tëscht Preussen Münster a Greuther Fürth gouf et een 0:0, soudass kenger Ekipp de Befreiungsschlag gelongen ass. Deen u Fürth ausgeléinten Aiman Dardari war am Kader, hien ass awer net zum Asaz komm.

D'Resultater an d'Tabell aus der 2. Bundesliga.

An der 3. däitscher Liga huet Waldhof Mannheim ënnert dem Luc Holtz doheem 1:4 géint den Opstigskandidat aus Duisburg verluer. De Vincent Thill stoung bei Mannheim an der Startformatioun an huet den tëschenzäitlechen 1:3 an der 61. Minutt virbereet.

An der 2. belscher Liga hu Beveren an de Laurent Jans den Opstig an den Titel jo scho sécher, ma si loossen trotzdeem net no. Mat 1:0 huet ee sech géint den Tabellenzweeten Kortrijk duerchgesat, woumat Beveren un der Spëtzt elo eng Avance vu ganzen 21 Punkten huet. De Jans huet e Samschdeg déi 90 Minutte gespillt.

An der franséischer Ligue 2 gouf et fir Bastia eng ganz batter 3:4-Néierlag auswäerts beim Red Star, nodeems een eng 3:1-Féierung nach aus der Hand ginn huet. De Florian Bohnert huet de Match fir Bastia ugefaangen, krut no 66 Minutten eng giel Kaart a gouf kuerz dono beim Score vun 3:3 ausgewiesselt. Bastia bleift domat Tabelleleschten, dat mat engem Réckstand vu 4 Punkten op d'Relegatiounsplaz 4 Spilldeeg viru Schluss.

An der 2. Liga an Italien ass den Tabelleleader Venedeg net iwwert een 1:1 bei Entella erauskomm. De Seid Korac ass bei Vendeg déi 90 Minutten iwwer op der Bänk bliwwen. D'Ekipp vum Lëtzebuerger bleift mat enger Avance vun 3 Punkten op der 1. Plaz an huet domat weider gutt Chancen op den Opstig an d'Serie A.

Am Ofstigsgrupp vun der éisträichescher Bundesliga huet de Grazer AK mam Mathias Olesen 0:1 géint Altach de Kierzere gezunn. Den Olesen stoung déi 90 Minutten iwwer um Terrain.

Back to Top
CIM LOGO