Zweet Editioun vum Luxembourg Ladies Masters
De Luxembourg Ladies Masters feiert vum 19. bis den 22. Oktober seng zweeten Editioun.
8 fréier Top-Spillerinnen aus dem Dammentennis triede géinteneen un a spillen ëm ee Präisgeld vun am ganzen 110.000 Euro. Den éischten Tournoi an der Coque zejoert hat d'Lëtzebuerger Supporter iwwerzeegt an deemno halen d'Organisateuren och dëst Joer un hirem neie Modell fest.
D'Motivatioun ass grouss beim Dan Maas an hirer Ekipp. Mam Tennistournoi op der Kockelscheier huet d'IWPT virun iwwer 3 Joerzéngten innovéiert, mee och de Legends Dammentournoi huet säi Publik fonnt. An dat ass an der ganzer Welt ukomm. Dofir huet d'WTA den Tournoi a seng Legends Tour opgeholl. Et ass am Moment déi eenzeg Manifestatioun ënnert där Form bei den Dammen am Eenzel.
Et ass en Tournoi op Invitatioun fir fréier Weltklassespillerin, déi elo kee WTA-Klassement méi hunn. An d'IWPT huet sech selwer seng Reegele ginn an invitéiert 4 Spillerin, déi an hirer Karriär en Top-10-Klassement haten an dann nach 4 aus den Top 50. Dobäi dierf dësen Oktober eng Spillerin net feelen. Nämlech d'Kim Clijsters, fréier Nummer 1 a Gewënnerin vun der éischter Editioun vun Tennis Masters.
Mam Daniela Hantuchova, fréier Nummer 5 op der Welt, huet d'Ambassadrice vum Tournoi schonn zougesot. Mee et huet een och eng Spillerin engagéiert, déi d'lescht Joer net mat dobäi war. Dat ass déi fréier Nummer 9, d'Andrea Petkovic.
Aus Lëtzebuerger Siicht stinn d'Chancen och ganz gutt, dass d'Mandy Minella mat dobäi wäert sinn. Weider Gespréicher mat Tennislegenden aus dem Dammentennis lafen nach a sollen zu Roland Garros an zu Wimbledon intensivéiert ginn.
Méi Informatiounen iwwert den Tournoi an Tickete ginn et op www.luxembourg-ladies-tennis-masters.com.