De Jonathan Joubert zitt e Schlussstréch ënnert seng Golkipp-Karriär an der ieweschter Divisioun am Lëtzebuerger Futtball.

22 Joer huet hien op héchstem nationalen Niveau gespillt, transfermarkt.de no stoung den 43 Joer ale Golkipp 451 Mol am Championnat tëscht de Pottoen. E Sonndeg bei der 2:4-Defaite vu sengem F91 op der Jeunesse stoung de Joubert fir déi Diddelenger eng leschte Kéier bei de 16 Spiller um Bou.

Jonathan Joubert hält op/Reportage Franky Hippert

De Palmarès vum Jonathan Joubert ass impressionnant, 14 Championstitelen, 8 Mol d'Coupe de Luxembourg gewonnen an zweemol mat Diddeleng sech fir d'Gruppephas vun der Europa League qualifizéiert.

"Et ass sécher, datt ech net an der BGL wäert spillen. Ob ech elo Diddeleng verloossen, weess ech nach net...ech sinn nach ëmmer a Verhandlunge fir verschidde Projeten."

An engem Social-Media-Post huet den F91 sengem Golkipp fir 18 Saisonen am Trikot vun deenen Diddelenger Merci gesot, fir seng Rou, seng Gentillesse a säi Professionalismus. Ugefaangen hat d'Karriär hei am Land jo zu Gréiwemaacher an et gouf e kuerzen Intermezzo zu Hesper. Déi schéinsten Erënnerunge bleiwen awer déi, déi hien an der Forge du Sud gesammelt huet.

"Vill Pleséier, vill Titelen, vill Freed, awer och sauer Defaiten. Ech behalen awer déi immens flott Momenter mat de Championstitelen zeréck, déi eis et erlaabt hunn, an der Coupe d'Europe ze spillen."

Den 43 Joer ale Golkipp stoung och 90 Mol fir d'Rout Léiwen tëscht de Pottoen: "Ech sinn heihi wunne komm, si Lëtzebuerger ginn, hunn Nationalekipp gespillt."

Wéi et elo fir de Jonathan Joubert weidergeet, ass nach net ganz kloer: "Et ass nach e bësse flou, ech hu schonn 2 Offere refuséiert, fir Trainer ze sinn, elo hunn ech nach 2 bis 3 Offeren...ech kucken elo, wat dat bescht fir mech a meng Famill ass."

Esou gutt wéi sécher ass awer, datt de Jonathan Joubert mat senger ganzer Erfarung a sengem Wëssen dem Lëtzebuerger Futtball erhale wäert bleiwen.