Käerjeng klappt Beetebuerg a bleift an der BGL Ligue
D'Ekipp aus der Brauereistad konnt sech 3:2 géint Beetebuerg behaapten. Den zweete Barragematch huet Pärel fir sech entscheet.
D'UN Käerjeng bleift an der héchster Lëtzebuerger Spillklass. D'Ekipp vum Trainer Peixoto konnt sech in extremis 3:2 géint Beetebuerg duerchsetzen. Fir Käerjeng hat et am Stade Jos Haupert zu Nidderkuer denkbar schlecht ugefaange wéi den Dauphin schonn no eelef Minutten den éischte Gol fir d'Ekipp aus der Éierepromotioun markéiere konnt. En plus huet bei Käerjeng de jonken Noah Scheidweiler de Stammgolkipp Joé Frising wéinst enger Blessur ersetzen. Bis zur Paus ass net vill geschitt, mee aus dem Näischt ass Käerjeng den Ausgläich gelongen.
Nom Säitewiessel war Beetebuerg no engem Schoss aus 18 Meter an den Eck vum Gol eng weider Kéier a Féierung gaangen. De Fostier konnt fir Käerjeng op en Eelefmeter hin nees ausgläichen. An der Schlussphas huet Käerjeng nach méi staark opgespillt a gouf mam 3:2 an der 83. Minutt duerch de Jänisch belount.
Barragematch 2. Divisioun
Schonn um 16 Auer war de Match tëscht Buerschent a Pärel fir d'Plaz an der zweeter Divisioun. D'Zuschauer am Stadion "Am Pëtz" zu Wolz hunn am Ganze fënnef Goler gesinn, mat dem bessere Resultat fir de Veräin aus der drëtter Divisioun. Pärel steigt nom 3:2 géint Buerschent an d'zweet Divisioun op.
Buerschent war no engem direkte Fräistouss, deen ofgefälscht gouf, a Féierung gaangen a konnt zéng Minutte méi spéit, an der 33. Minutt, op 2:0 erhéijen. Kuerz virun der Paus konnt Pärel verkierzen an huet an der zweeter Hallschent nach zwee Goler dropgesat. An der Nospillzäit hat Buerschent nach d'Méiglechkeet, duerch en Eelefmeter den Ausgläich ze markéieren, mee de Päreler Golkipp konnt paréieren, wouduerch d'Ekipp aus dem Lëtzebuerger Westen den Opstig feiere konnt.