
Um Enn konnt den Andrew August sech d’Etappevictoire mat enger Avance vu 16 Sekonne sécheren. Den US-Amerikaner hat sech ronn 12 Kilometer viru Schluss zesumme mam Raul Garcia Pierna vum Spëtzegrupp ofgesat, kuerz drop konnt dunn och de Spuenier den Tempo net méi matgoen. Op déi drëtt Plaz huet et den Hollänner Frank van den Broek mat engem Retard vu 34 Sekonne gepackt.
Am General gouf et déi erwaart Schlussvictoire vum jonke Paul Seixas, deen 3 vu 6 Etappe bei dësem Tour fir sech entscheet huet. De Fransous huet um Enn eng Avance vun 2 Minutten an 30 Sekonnen op den Däitsche Florian Lipowitz op Plaz 2. Komplettéiert gëtt de Podium vum Tobias Halland Johannessen aus Norwegen (+2:33 Minutten). Et ass déi éischte Kéier zanter dem Christophe Moreau am Joer 2007 beim Dauphiné, datt nees e Fransous de General vun enger World-Tour-Etappe-Course gewënnt.
De Kevin Geniets war beim Tour duerch d’Baskeland och um Depart, hie war déi 4. Etapp en Donneschdeg awer net op en Enn gefuer.
1 August Andrew INEOS Grenadiers 3:29:35
2 García Pierna Raúl Movistar Team 0:16
3 van den Broek Frank Team Picnic PostNL 0:34
4 Glivar Gal Alpecin-Premier Tech ,,
5 Fiorelli Filippo Team Visma | Lease a Bike 1:07
6 Verstrynge Emiel Alpecin-Premier Tech ,,
7 Velasco Simone XDS Astana Team ,,
8 Johannessen Tobias Halland Uno-X Mobility 1:09
9 Debruyne Ramses Alpecin-Premier Tech 1:26
10 Martin Guillaume Groupama - FDJ United 1:33
1 Seixas Paul Decathlon CMA CGM Team 20:07:35
2 Lipowitz Florian Red Bull - BORA - hansgrohe 2:30
3 Johannessen Tobias Halland Uno-X Mobility 2:33
4 Izagirre Ion Cofidis 3:50
5 Champoussin Clément XDS Astana Team 4:43
6 Bilbao Pello Bahrain - Victorious 5:03
7 Romo Javier Movistar Team 5:05
8 Arrieta Igor UAE Team Emirates - XRG 5:25
9 Baudin Alex EF Education - EasyPost 5:41
10 Vauquelin Kévin INEOS Grenadiers 7:33