Am Barragematch hunn d'Damme vu der Entente Rouspert/USBC mat 4:1 géint d'Entente Wëntger/Wolz gewonnen.

Am Dammefuttball gouf en Dënschdeg den Owend de Barragematch an der 1. Liga gespillt. D'Entente Wëntger / Wolz (1. Liga) krut et mat der Entente Rouspert/USBC aus der 2. Liga ze dinn. Um Enn gouf et eng souverän Victoire fir d'Ekipp aus dem Oste vum Land. Mat 4:1 huet ee sech behaapt.

Domadder klëmmt d'Entente Rouspert/USBC an déi 1. Liga.

Déi nächst Saison spillen dës 10 Veräiner an der héchster Divisioun am nationalen Dammefuttball: Racing, Mamer, Beetebuerg, Jonglënster, Dikrech, Ell, Entente Déifferdeng/Luna, Entente Wuermer/Mënsbech/CSG, Entente Rouspert/USBC (Opsteiger) an Hesper (Opsteiger).