Barcelona gewënnt zweeten Champions-League-Titel

© AFP
D'Ekipp aus Spuenien dréint en 0:2-Réckstand an eng 3:2-Victoire géint de VfL Wolfsburg.
Den FC Barcelona feiert an der Champions-League-Finall vun den Dammen zu Eindhoven eng 3:2-Victoire géint de VfL Wolfsburg. D'Spuenierinne waren och als Favorit an de Match gaangen.
Wolfsburg war mat engem Paukenschlag gestart a konnt schonn no dräi Minutten de Ball am Filet ënnerbréngen. D'Wëllefinne waren awer net vill méi staark wéi de Favorit vu Barcelona, deen och zwou gutt Chancen hat, awer ëmmer un der Golkippesch vu Wolfsburg gescheitert ass. Kuerz virun der Paus huet d'Kapitänin Alexandra Popp fir d'Ekipp aus der däitscher Autostad de Score no uewe geschrauft.
Direkt no Säitewiessel hunn d'Spuenierinnen d'Heft an d'Hand geholl a mat zwee séiere Goler vum Patri zeréckgeschloen. Nodeems et esou ausgesinn hat, dass Wolfsburg nees méi Kontroll an de Match brénge kéint, huet d'Fridolina Rolfö den drëtte Gol fir Barcelona markéiert. Duerno ass et Wolfsburg net méi gelongen, sech eng honnertprozenteg Golchance erauszespillen.
Fir Barcelona ass et den zweete Gewënn vun der Champions-League. 2021 stoungen d'Katalaninnen eng éischt Kéier ganz uewen um Träppchen. Fir Wolfsburg war et déi véiert Participatioun an der CL-Finall , déi verluer goung. Déi lescht dräi Kéieren (2016, 2018, 2020) hat een ëmmer géint Olympique Lyon verluer.
