D'Ekipp aus der Haaptstad gewënnt d'Finall vun der Coupe des Dames 2:1 géint Mamer.

Am selwechten Duell wéi an der viregter Saison ka sech de Racing an der Finall mat 2:1 géint Mamer duerchsetzen a mécht domat den Doublé an dëser Saison perfekt.

D'Finall am Stade municipal zu Beetebuerg war d'Ekipp aus der Haaptstad als Favorit an de Match gaangen an huet dat och am Ufank gewisen. Si gounge verdéngt an der 34. Minutt a Féierung, dat no engem Fräistouss aus dem Halleffeld an de wäiten oppene Raum.

An der zweeter Hallschent hate béid Ekippe wuel déi eng oder aner Aktioun virum Gol, mee et sollt näischt zwéngendes dobäi erauskommen. Eréischt an der 68. Minutt koum de Racing nees eng Kéier geféierlech virun de Mamer Gol an huet déi Chance direkt genotzt, fir op 2:0 ze erhéijen.

Mamer huet duerno vill no vir gehäit a konnt an der 85. Minutt nach den Uschloss markéieren, mee dëse Gol koum fir den aachtfache Coupegewënner ze spéit. An der laanger Nospillzäit vun néng Minutten hat Mamer mat der leschter Aktioun nach d'Méiglechkeet op den Ausgläich, mee de Schoss op den eidele Gol goung aus 20 Meter just un d'Aussennetz.

Fir de Racing ass den drëtte Gewënn vun der Coupe de Luxembourg, deen domat säin Titel aus der vergaangener Saison verdeedege kann.