"Ech hu mäi Bescht probéiert, ech si midd"
D'Sarah De Nutte an d'Ni Xia Lian - si si wuel mat Ofstand déi erfollegräichst Lëtzebuerger Koppel aus de leschte Joren.
Dobäi ass et eng relativ ongewéinlech Koppel. Mat hire 60 Joer ass d'Ni Xia Lian nämlech duebel esou al wéi d'Sarah De Nutte. Wéi si eis am Interview erzielt hunn, kenne si sech awer schonns ganz laang. D'Ni Xia Lian huet d'Sarah De Nutte kennegeléiert, wéi si nach ganz jonk war. Deemools hu si nämlech allebéid zu Ettelbréck gespillt, allerdéngs war d'Ni Xia Lian zu där Zäit schonns e puermol Welt- an Europameeschterin ginn. Zu deem Ament hätt keng vu béide Spillerinne geduecht, datt si eemol esou erfollegräich géifen zesummespillen.
Jeeweils Bronze am Dubbel bei den Europameeschterschaften 2018 zu Alicante an 2022 zu München an och bei der Weltmeeschterschaft 2021 zu Houston an den USA gouf et fir déi zwou Lëtzebuergerinnen eng Bronzemedail. An der Dubbel-Weltranglëscht stoung d'Koppel De Nutte/Ni esouguer op der drëtter Plaz, aktuell op der 9. Plaz (Stand Juni 2023).

D'Ni Xia Lian an d'Sarah De Nutte op der WM zu Houston. / © Manfred Schillings/FLTT
Donieft hu si och mat der Lëtzebuerger Ekipp, zesumme mam Tessy Gonderinger an Ariel Barbosa, remarkabel Resultater erreecht: op der Ekippe-Weltmeeschterschaft 2022 zu Chengdu a China si si bis an d'Aachtelsfinall komm an hunn um Wee dohinner ënnert anerem géint Südkorea (deemools Nummer 4 an der Weltranglëscht) gewonnen. D'Sarah De Nutte an d'Ni Xia Lian goufen dann 2022 och allebéid als "Sportlerin vum Joer" ausgezeechent.

© Val Wagner
Ni Xia Lian fir China (bis 1989)
D'Ni Xia Lian ass mëttlerweil 60 Joer al an huet an hirer Karriär schonn esou munches erlieft. Bei der Weltmeeschterschaft 1983 huet si mat der chineesescher Nationalekipp Gold gewonnen an och am Dubbel Mixte huet si dat Joer zesumme mam Guo Yuehua den Titel gewonnen. Bei der WM 1985 huet si am Dammen-Dubbel mam Cao Yanhua Sëlwer gewonnen.
Ni Xia Lian fir Lëtzebuerg (zanter 1991)

Eng Foto aus dem Joer 1998, wéi d'Ni Xia Lian zu Eindhoven an Holland eng éischte Kéier Europameeschterin ginn ass. Mat um Bild hire Jong, deen deemools 6 Joer al war. / © AFP
Zanter 1991 spillt d'Ni Xia Lian offiziell fir Lëtzebuerg. Och hei wousst si nach ëmmer ze iwwerzeegen an huet de Grand-Duché op allerhéchstem Niveau vertrueden an dat mécht si och elo nach ëmmer. Ënnert anerem huet si 3 Mol hannerteneen (1996-1998) den Euro-Top-12-Tournoi gewonnen, gouf 1998 am Eenzel an 2002 am Eenzel an Dubbel Mixte Europameeschterin, huet 2019 bei den Europaspiller zu Minsk Bronze am Eenzel gewonnen an huet 2021 mam Sarah De Nutte zesumme Bronze op der WM zu Houston gewonnen, dat 36 Joer no hirer leschter Medail bei enger Weltmeeschterschaft. 1999 hat déi gebierteg Chinesin zesumme mat der Lëtzebuergerin Peggy Regenwetter eng Medail just verpasst. Bei der WM zu Eindhoven an Holland hat d'Lëtzebuerger Koppel an der Véierelsfinall verluer.

D'Ni Xia Lian zesumme mam Peggy Regenwetter an der Véierelsfinall vun der WM 1999. / © AFP
Eng Medail bei Olympia feelt dem Ni Xia Lian nach. Bis ewell war si 5 Mol dobäi a war bei den Olympesche Spiller zu Tokio a Japan mat 58 Joer dann och déi eelsten Dëschtennisspillerin, déi sech jee fir Olympia qualifizéiere konnt. Aller Viraussiicht no wäert si d'nächst Joer zu Paräis hir 6. Participatioun realiséieren.
D'Ni Xia Lian ass 1990 eng éischte Kéier op Lëtzebuerg komm, ufanks ass si als Trainerin engagéiert ginn, wéi si eis am Interview gezielt huet.
Am Ganze war d'Ni Xia Lian op 24 Weltmeeschterschaften dovunner 22 Mol fir Lëtzebuerg, 5 Mol war si bis elo op den Olympesche Spiller dobäi an 18 Mol ass si bei Europameeschterschaften ugetrueden.

© AFP
Sarah De Nutte huet mat 8 Joer an der Fiels ugefaangen
Déi haut 30 Joer al Sportzaldotin huet hir Karriär am Alter vun 8 Joer beim Dëschtennisveräin an der Fiels ugefaangen.
Zesumme mam Ni Xia Lian huet d'Sarah De Nutte hir gréisst sportlech Erfolleger gefeiert. Dat waren eben déi 3 Bronzemedailen, bei den Europameeschterschaften 2018 an 2022 a bei der Weltmeeschterschafft 2022. Zu Houston war d'Sarah De Nutte dann och déi éischt gebierteg Europäerin zanter 1995, déi bei enger Weltmeeschterschaft eng Medail am Dammen-Dubbel gewonnen huet.
Bei den Olympesche Spiller 2021 zu Tokio war et eng Première fir d'Sarah De Nutte, do war si nämlech eng éischte Kéier bei Olympia dobäi. Et war gläichzäiteg och déi éischte Kéier an der Geschicht vum Lëtzebuerger Dëschtennis, datt zwou Spillerinnen op Olympesche Spiller dobäi waren. Fir d'Sarah De Nutte war dëst natierlech e spezielle Moment, och wa wéinst der Corona-Pandemie leider keng Spectateuren an der Hal waren.

© pressphoto (Archiv)
Detailer iwwer hir privat Bezéiung, firwat si Staren a China sinn, wéi et ass, de Groussdeel vum Joer duerch d'Welt ze reesen an Tournoien ze spillen a villes méi erzielen eis déi zwou Dëschtennis-Spillerinnen am Interview, deen Dir am Video kucke kënnt.