De Frank Schleck ass ee vun den erfollegräichste Lëtzebuerger Vëlosfuerer vun allen Zäiten.

Am Sonndesinterview hu mir mam Frank Schleck iwwer seng aktiv Karriär, säi Liewen nom professionelle Vëlossport an iwwer den Tour de France 2023 geschwat.

Grouss Victoiren a kleng Réckschléi

Den haut 43 Joer ale fréiere Vëlosprofi ass a senger Karriär 5 Mol Lëtzebuerger Champion ginn, huet zwou Etappe beim Tour de France gewonnen a stoung 2011 esouguer zesumme mat sengem Brudder Andy um Podium vun der Grande Boucle. Dem Frank Schleck säi Stär um Vëloshimmel ass 2006 mat der Victoire bei der Amstel Gold Race esou richteg opgaangen. Donieft huet hien och de General vum Tour de Luxembourg a vum Tour de Suisse gewonnen. De Frank Schleck wëll sech awer net festleeën, wéi ee Moment dee schéinste war.

De fréiere Vëlosprofi schwätzt iwwer seng gréisst Victoiren.

5 Mol ass de Frank Schleck an der Course en Ligne Lëtzebuerger Champion ginn. Fir hie war dat ëmmer e besonneschen Ament an hie war houfreg, de rout-wäiss-bloen Trikot dierfen unzedoen an d'Land esou ze representéieren. Eppes, wat him och nach eemol extra Motivatioun ginn huet.

De Frank Schleck huet de rout-wäiss-bloe Maillot 5 Mol gewonnen.

13 Joer laang war hien als Vëlosprofi op héchstem Niveau ënnerwee. Do ginn et natierlech net nëmmen Héichten, ma och heiansdo Réckschléi. De fënneffache Lëtzebuerger Champion kann haut awer positiv op seng aktiv Karriär zeréckkucken an ass virun allem houfreg drop, datt hien ëmmer alles ginn huet an deemno näischt ze bereien huet.

Nieft dem Erfolleg ginn et och schwéier Momenter an enger Profikarriär. Déi muss ee sou gutt et geet iwwerbrécken.

Am Ganze goung hien 9 Mol un den Depart vum Tour de France, 6 Mol koum hien dobäi an d'Top 20, 4 Mol an d'Top 10. Bei der Vuelta 2010 koum hien op déi gutt 4. Plaz.

Relatioun mat sengem Brudder a sengen Teamkomeroden

RTL

De Frank Schleck ass beim Tour de France 2008 am Maillot Jaune gefuer, den Andy Schleck am wäisse Maillot vum beschte Jonken. / © AFP

De Frank Schleck ass dann och ëmmer mat sengem klenge Brudder Andy zesummen an enger Ekipp gefuer an 2011 koume si am General beim Tour de France op d'Plazen 2 an 3. Wéi den eelste vun de Schleck-Bridder eis am Interview verroden huet, ass den Andy fir hie méi wéi nëmmen e Brudder an hien huet et genoss, mam Tour-de-France-Gewënner vun 2010 zesummen ze fueren.

Den Andy Schleck ass fir de Frank Schleck och säi beschte Kolleeg.

Vu lénks a riets huet een an der Zäit dacks héieren, datt een d'Bridder trenne misst, well ëmmer een op deen aner géing waarden. Vu ville Säiten ass dëst als Schwächt agestuuft ginn, ma dem Frank Schleck no ass dat éischter als hir Stäerkt unzegesinn an dass et anescht net funktionéiert hätt.

De Frank Schleck erzielt, wéi ee probéiert huet, d'Bridder bei de Coursse vuneneen ze trennen...ouni Succès.
RTL

De Frank Schleck tréischt säi Brudder, nodeems deen op 20. Etapp vum Tour de France 2011 am Contre-la-montre de giele Maillot un de Cadel Evans verluer huet. / © AFP

Allgemeng war de Frank Schleck ëmmer gäre mat der Ekipp ënnerwee an dat ass eppes, wat hien haut och nach deels vermësst. Et wieren ëmmer schéi Momenter an der Ekipp gewiescht, den Teamgeescht, d'Trainingslageren an alles ronderëm d'Courssen, dat vermësst de Frank Schleck. D'Course-fuere selwer vermësst hien awer net, well een do immens vill Drock hätt, vill trainéiere misst an déi ganz Hygiène de vie misst stëmmen.

Den Ekippegeescht ass eppes, wat dem Frank Schleck ëmmer wichteg war.

Dofir ass et dem Lëtzebuerger och wichteg gewiescht, mat senge fréieren Teamkomeroden nach Kontakt ze halen. 2016 huet de Frank Schleck seng sportlech Pensioun geholl, ma elo huet hie virun allem mam Fabian Cancellara, Jens Voigt a Stuart O'Grady nach ëmmer vill Kontakt. Net nëmme mat senge fréieren Teamkomerode gëtt hien nach ëmmer gutt eens, ma och deels mat senge gréisste Konkurrenten, esou zum Beispill mam Cadel Evans.

Mam Australier Cadel Evans huet de Lëtzebuerger nach ëmmer Kontakt.
RTL

2011 stoungen de Frank Schleck a säi Brudder Andy Schleck zesummen um Podium. Eenzeg den Australier Cadel Evans war besser wéi déi zwee Lëtzebuerger.

Zanter Mëtt 2021 ass de Frank Schleck Coordinateur bei der FSCL

An deenen zwee Joer, an deenen hien an dëser Positioun ass, ass hien der Meenung, datt schonns vill gemaach a geschafft gi wier. Virun allem am Jugendberäich hätt ee vill verännert, et wéilt een donieft och de Cyclocross an de Mountainbike méi no vir bréngen an ënnerstëtzen. De Frank Schleck erkläert awer och am Interview, datt a sengen Aen de Vëlo "déi eenzeg reell Alternativ fir den Trafic" ass. Donieft wier de Vëlo awer och Gesondheet an Tourismus. All dëst huet de Frank Schleck sech zur Aufgab gemaach, fir dat ze promouvéieren an de Leit de Vëlo nach méi no ze bréngen.

De Vëlo ass net nëmme Sport, mee och Ëmwelt, Gesondheet an Tourismus.

"Lëtzebuerg hat ëmmer an huet eng grouss DNA am Vëlossport"

Mat de Gebridder Schleck an dem Kim Kirchen virun 10-15 Joer an haut der Generatioun mat ënnert anerem Bob Jungels, Kevin Geniets an Alex Kirsch goufen d'Lëtzebuerger Vëlossport-Spectateuren natierlech verwinnt. De Frank Schleck wëll och an Zukunft a senger Funktioun als Coordinateur bei der FSCL weiderhi grousse Wäert op d'Jugend leeën.

Allgemeng gesäit de Frank Schleck awer zwee grouss Problemer, fir d'Kanner un de Vëlossport ze bréngen. Engersäits wier dat de Präis vun engem Vëlo, op där aner Säit wier et den Trafic, deen den Eltere Suerge mécht, esou den FSCL-Coordinateur am Interview.

De Vëlossport huet zwee grouss Feinden, esou de Frank Schleck.

Gran Fondo Schleck

RTL

© pressphoto (Archiv)

2017 gouf et déi éischt Editioun vum Gran Fondo Schleck an dës Eendagescourse fir Amateuren a Vëlosbegeeschterter hat vun Ufank u vill Succès. Schonns dat éischt Joer hat een 1.500 bis 1.800 Leit a vu Joer zu Joer sinn et der ëmmer méi ginn. Bei der leschter Editioun, wou et leider zu engem déidlechen Tëschefall koum, hat een 3.000 Leit um Depart, méi grouss wëll een och elo net méi ginn, fir d'Qualitéit net ze verléieren. E Projet, deen dem Frank Schleck um Häerz läit.

De Gran Fondo war vun der éischter Editioun un e groussen Erfolleg.

Wie sinn d'Favoritte fir den Tour de France 2023?

Dem Frank Schleck no si wéineg iwwerraschend den Tadej Pogacar an de Jonas Vingegaard déi zwee ganz grouss Favoritten op d'Schlussvictoire am Tour de France 2023. De Lëtzebuerger gesäit den Tadej Pogacar esouguer liicht vir. De Vingegaard hätt eng gutt a staark Preparatioun gehat, iwwerdeems de Pogacar mat enger Blessur huet missen aussetzen. Ma grad déi Blessur kéint dem Frank Schleck no e Virdeel si fir de Sloween, wéi hien am Interview erkläert huet.

De Drëtte vum Tour de France 2011 gesäit de Pogacar liicht an der Favoritteroll.

Ma net nëmme Vingegaard a Pogacar gehéieren zu de potentielle Gewënner. An dräi Woche ka vill geschéien, et kann ee krank sinn, an eng Chute verwéckelt ginn, deemno soll een och aner Coureuren net ausschléissen, esou de Frank Schleck. Deemno hätten och nach en David Gaudu, Richard Carapaz, Jai Hindley, Mikel Landa, Enric Mas oder Thomas Pidcock Chancen op eng gutt Placéierung.

Et ginn nieft Pogacar a Vingegaard awer och nach aner Coureuren, déi ee muss am Bléck halen.

D'Roll vun de Lëtzebuerger am Tour de France

RTL

De Bob Jungels hofft op eng weider Etappevictoire beim Tour de France.

Mam Bob Jungels, Alex Kirsch a Kevin Geniets ginn och dräi Lëtzebuerger un den Depart vum Tour de France 2023. De Frank Schleck denkt, datt de Bob Jungels wuel als Equipier schaffe muss, awer och deels seng Fräiheete wäert kréien, fir an eng Echappée ze goen a villäicht nees eng Etapp ze gewannen, wéi en dat d'lescht Joer gemaach huet.

Den Alex Kirsch wier den Ament richteg gutt a Form, wat hie beim Lëtzebuerger Championnat gewisen huet, wou hie sech den Titel séchere konnt. Nawell dierft de Lëtzebuerger Champion wuel manner Fräiheete kréien, well hie kloer Aufgaben an der Ekipp huet. Deemno dierft een den Alex Kirsch gréisstendeels un der Säit vum Mads Pedersen a Jasper Stuyven gesinn, esou de Frank Schleck.

Och de Kevin Geniets dierft seng Aufgaben hunn, fir seng zwee Leaderen ze beschützen a fir déi ze schaffen. Dem Frank Schleck no misst een hei kucken, wéi sech den Tour de France entwéckelt. Op alle Fall wier de Kevin Geniets motivéiert, fir och an eng Echappée ze goen an ëm eng Victoire matzekämpfen.

De Frank Schleck iwwer de Bob Jungels, Alex Kirsch a Kevin Geniets.

Schwéiere Parcours beim Tour de France 2023

RTL

© letour.fr

D'Coureuren erwaart e schwéieren Tour de France, wou schonns direkt déi éischt zwou Etappen et a sech hunn. Méi spéit geet et relativ séier an d'Pyrenäen, wou et ganz schwéier wäert ginn. An der zweeter Woch geet et dann an d'Alpen, wou dräi schwéier Etappen ze fuere sinn, ier et an de Vogeesen no bei Lëtzebuerg wuel zur grousser Finall kënnt, esou de Frank Schleck.

De fréiere Vëlosprofi schwätzt iwwer de Parcours vun dëser Editioun.

De Lëtzebuerger denkt dann och, datt dës Editioun méi schwéier ass wéi vergaangen Editiounen. Et gi manner Sprint-Etappen, et ass en accidentéierte Parcours an et géif nëmmen een Zäitfuere ginn. D'Baroudeure géif ee vill gesinn an d'Ekippe missten de schwéiere Parcours geréieren.

Dës Editioun vun der Grande Boucle ass méi schwéier wéi déi lescht Editiounen.

Ofschléissend ass de Frank Schleck der Meenung, datt dës natierlech ee Parcours gewiescht wier, deen him a senger beschter Zäit gutt geleeën hätt.

Et wier e Parcours fir d'Gebridder Schleck gewiescht.
RTL

De Frank Schleck am Maillot Jaune beim Tour de France 2008. / © AFP