Et huet sech em eng internationaler Fieldkompetitiounen gehandelt, a war eng Preparatioun fir Field-Europameeschterschaft Mëtt September an Italien.

Leschte Weekend waren eis bescht Bouschéisser zu Paräis, op enger Manche vum Weltcup am Asaz. Dëse Weekend waren si zu Esch am Bësch, op enger flotter, am Ausland beléifter, mee net einfacher internationaler Fieldkompetitiounen. 
Hei gëtt net nëmme riicht aus geschoss.

Des Kompetitioun ass eng gutt Preparatioun, fir d'Field Europameeschterschaft Mëtt September, an Norditalien, op 1600 Meter Héicht.

An Italien ginn et och Punkte fir de Worldranking. De Mixed Doubel Seywert Shkolna huet mat enger Bronzemedail op der Weltmeeschterschaft ënnerstrach, dass een si och am Field, am A muss behalen.

Och no enger laanger, erfollegräicher  Saison, ass d'Motivatioun nach intakt. Leider steet de Compound am Géigesatz zum Recurve net um Programm vun den Olympesche Spiller.

Am Field feelt nach eng Medail an der Kollektioun vun der Bouschéisser Famill.