An der Nuecht op e Freideg ass den Optakt vun der 104. NFL-Saison am American Football.

Hei kréien d'Titelverdeedeger Kansas City Chiefs et mat den Detroit Lions ze dinn. De Super-Bowl-Gewënner ronderëm de Star-Quarterback Patrick Mahomes zielt och dëst Joer nees zu de grousse Favoritten.

Virschau op d'NFL-Saison/Reportage Yannick Zuidberg

Zanterdeem de Patrick Mahomes bei de Kansas City Chiefs spillt, ass mat der Ekipp vum Coach Andy Reid ëmmer ze rechnen. Ma och aner Ekippen hu gutt Chancen, fir ëm den Titel matzespillen, esou den RTL-American-Football-Expert Paul Zahlen. Deemno hunn och d'Eagles, d'Bills, d'Jets an och d'Bengals gutt Chancen.

An der NFL ka sech tëscht zwou Saisonen dacks villes änneren, well d’Ekippe sech deels extreem verstäerke kënnen. Dem Paul Zahlen no kann ee virun allem op zwou Ekippe gespaant sinn. D'Philadelphia Eagles, déi de grousse Gewënner vum NFL Draft sinn, awer och d'New York Jets, déi an der Free Agency an a Saachen Trades alles op eng Kaart gesat hunn.

Et ginn awer och all Joer Ekippen, déi vill oder wichteg Spiller verléieren, zum Beispill d'Tampa Bay Buccaneers, déi op hire Quarterback Tom Brady verzichte mussen, deen no 23 Joer a 7 Super-Bowl-Victoiren an déi sportlech Pensioun geet. Deemno ginn et och eng Partie Ekippen, déi hir Erwaardunge ferm zeréckschrauwe mussen.

Duerch den amerikanesche System mam Draft, den Trades an dem Salary Cap bleift fir all Saison awer Spannung garantéiert. D'Saison geet dann den 11. Februar mam Super Bowl am Allegiant Stadium zu Paradise am Nevada op en Enn.