Schwammen
Lescht Course vum Finn Kemp op Junior-WM

© Christophe Audot
Iwwer 50 Meter Brasse kënnt hien op déi 21. Plaz.
Um leschten Dag fir de Finn Kemp op der Junior-Weltmeeschterschaft am Schwammen zu Netanya an Israel schléit dat 18 Joer jonkt Talent an de Serien iwwer 50 Meter Brasse an 29 Sekonnen an 21 Honnertstel un. No de ville Courssen an de leschten Deeg ass de Kemp 22 Honnertstel iwwert senger Beschtzäit bliwwen. Um Enn war dat déi 21. Plaz ënner 56 Konkurrenten.
Am meeschte gelies