Optakt fir d'Lëtzebuerger Damme géint Island

© FIRO/SID/
E Mëttwochowend spillt d'Lëtzebuerger Handball-Dammennationalekipp an der EM-Qualifikatioun auswäerts géint Island. Den zweete Match ass da géint Schweden.
D'FLH-Selektioun ass en Dënschdeg an Island geflunn. D'Kapitänin vun de Lëtzebuergerinnen, Tina Welter, ass zefridde wéi d'Preparatioun déi leschten Deeg a Woche verlaf ass: D'Preparatioun ass gutt verlaf. Mir haten zwar puer Leit, déi krank waren, oder duerch eng Verletzung net deel geholl hunn, generell ass se awer gutt verlaf. Mir sinn elo och all dobäi, bis op d'Lily Melchior, dat zwar dobäi ass, awer wéinst enger Verletzung net wäert spillen."
Nom Match géint Island, spillen d'Lëtzebuergerinnen e Sonndeg an der Coque géint eng staark schweedesch Ekipp.