Diddeleng verléiert 52:70 géint Pietanske
Um Donneschden huet den T71 Diddeleng den zweete Match vum EuroCup gespillt.
De Géigner war mat Pietanske Cajky den aktuelle Champion aus der Slowakei. An der éischter Hallschecht hate béid Ekippe kaum Reussite bei de Schëss, Diddeleng ass duerch d'Ehi Etute am Match bliwwen a louch an der Paus 25:27 hannen. Zum Optakt vum drëtte Véierel huet de Géigner aus der Slowakei einfach Punkte markéiert, Diddeleng huet de Ball e puer mol noenee verluer an d'Gäscht hunn dëst ausgenotzt, fir sech ofzesetzen. No 30 Minutte louchen d'Slowakinne scho mat 19 Punkte Virsprong a Féierung (54:35). Diddeleng huet am leschte Véierel zwar nach eng Reaktioun gewisen an de Réckstand verkierzt, méi no wéi op 12 Punkten ass d'Ekipp vum Trainer Jérôme Altmann awer net méi erukomm. Um Enn verléiert de Lëtzebuerger Vizechampion de Match mat 52:70. Mat 17 Punkten huet d'Mia Loyd déi meeschte fir d'Lokalekipp markéiert.

© FIBA
Um Mëttwoch hat de Gréngewald Hueschtert a leschter Sekonn mat 73:74 géint Antalya (Tierkei) verluer. Nächste Mëttwoch geet fir béid Lëtzebuerger Ekippe weider. De Champion Gréngewald auswäerts a Frankräich géint Bourges, den T71 spillt doheem géint Gorzow aus Polen.

© FIBA