De Gréngewald verléiert a leschter Sekonn an der Tierkei

© FIBA
Um Mëttwoch huet de Gréngewald den zweete Match vum EuroCup gespillt.
Zu Antalya (Tierkei) huet d'Ekipp vum Trainer Francois Manti um Enn ganz knapp mat 73:74 verluer. De Lëtzebuerger Champion huet de Match staark ugefaangen a louch no 7 Minutte mat 14:3 a Féierung. D'Samantha Logic an d'Lauren Van Kleunen hu gutt harmonéiert an d'Heemekipp Antalya huet sech missen an Auszäite beroden. Duerno huet d'Lokalekipp besser gespillt an de Réckstand reduzéiert, Gréngewald louch an der Hallschecht nach mat engem Punkt a Féierung (33:32).
Nom Säitewiessel war et e ganz enke Match, d'Gäscht aus Lëtzebuerg hu kämpferesch dogéint gehalen a sech kuerz viru Schluss op 5 Punkten ofgesat. An enger dramatescher Schlussphas louch de Gréngewald 1 Punkt a Féierung, dunn huet allerdéngs d'Samantha Logic d'Géigespillerin Destanni Henderson op der Dräierlinn gefoult, et goufen 3 Fräiwërf an d'Ekipp aus der Tierkei gewënnt de Match a leschter Sekonn. D'Ekipp aus Lëtzebuerg konnt sech domat net fir eng gutt Leeschtung belounen.
D'Lauren van Kleunen huet 31 Punkte markéiert, d'Samantha Logic koum op 19 Punkten.
Um Donneschdeg spillt den T71 Diddeleng doheem géint Cajki aus der Slowakei, de Match geet um 19.30 Auer un.

© FIBA