D'Schwäizerin huet sech am Riseslalom vun de Frae virun der Italieenerin Federica Brignone an der Slowakin Petra Vlhova duerchgesat.

Enn Oktober ass traditiounsgeméiss den Optakt vun der Wantersportsaison am Schi Alpin zu Sölden. E Samschdeg huet sech d'Lara Gut-Behrami am Riseslalom vun de Frae mat engem minimale Virsprong vun 0,02 Sekonne virun der Federica Brignone duerchgesat. Méi kloer war den Ofstand zur Drëttplacéierter Petra Vlhova (0,14 Sekonnen). D'Favorittin op d'Victoire, d'Mikaela Shiffrin aus den USA, huet sech musse mat Plaz 6 zefridde ginn (+1,4 Sekonnen).

De fréie Saisonsoptakt rifft awer ëmmer méi Kritik säitens de Sportler op de Plang, déi sech fir e méi spéide Start asetzen, aus sportleche Grënn a mat Bléck op d'Auswierkunge vum Klimawandel. Dëst Joer nach ouni Erfolleg.

E Sonndeg steet nach de Riseslalom vun den Hären um Programm.